Zu Hollerech gouf et e Groussbrand am Catclub. D'Awunner aus dem Nopeschhaus konnte sech a Sécherheet bréngen.

D'Police huet um Sonndeg de Moie matgedeelt, datt et am Catclub zu Hollerech e Groussbrand gëtt. De Catclub war zum Zäitpunkt vum Brand eidel.

Groussbrand am Catclub zu Hollerech
D'Feier huet och op den Architektebüro "Moreno" an d'Antiquitéitegeschäft "Troc" iwwergegraff.

Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen stoung d'Gebai ganz a Flamen, déi souguer aus dem Daach an aus de Fënster geschloen hunn. D'Feier huet och op den Architektebüro "Moreno" an d'Antiquitéitegeschäft "Troc" iwwergegraff.

D'Awunner aus dem Nopeschgebai hate sech direkt a Sécherheet bruecht, mä op d'Wunnhaus ass d'Feier net iwwergaangen. Beim Brand gouf keng Persoun blesséiert.

Och d'Stroossen an der Ëmgéigend vum Cat Club, d'Rue Baudouin, d'Rue de l'Aciérie an d'Rue de la Fonderie, goufe wéinst de Läschaarbechte gespaart. Kuerz viru 15 Auer sinn déi nees fir den Trafic opgaangen.

Op der Plaz waren nieft der Police och déi fräiwëlleg Pompjeeën aus Hesper, Bartreng-Stroossen an der Stad souwéi hir Kollege vun de Beruffspompjeeën aus der Stad.

Wéi et zum Brand komm ass, ass am Moment nach net gewosst. Brandstëftung ass awer net ausgeschloss an d'Police Judiciaire ermëttelt elo.

RTL

© Police Grand-Ducale