Et rumouert bei der Police-Gewerkschaft SNPGL

De Christian Pierret
De Christian Pierret gouf vum Gewerkschaftscomité sanktionnéiert a seng Demissioun gouf gefrot. De Jérôme Banchieri ass neie Generalsekretär. Reaktiounen.
Clinch an der gréisster Police-Gewerkschaft, an dat an engem schlechten Ament: Matten an den Gespréicher iwwert d'Reform vun der "Force publique" huet den SNPGL sech vu sengem Generalsekretär Christian Pierret getrennt.
PDF: Pressecommuniqué vum SNPGL.
Sträitpunkt ass den interne Police-Audit, deen no der Presentatioun Ufanks Juli vun der gréisster Police-Gewerkschaft schaarf kritiséiert gouf. Dem Christian Pierret gëtt lo virgeworf, net méi am Interessi vum Syndikat gehandelt ze hunn.
No enger Reunioun Enn Juli mam Police-Minister hat de Christian Pierret, Generalsekretär vun der Gewerkschaft, éischter positiv vum Audit a senge Konklusioune geschwat. Den SNPGL-President Pascal Ricquier schwätzt an deem Kontext vun engem Vertrauensbroch. D’Positioun vum SNPGL géintiwwer dem Audit wier am Virfeld ganz kloer ofgeschwat gewiescht. De Christian Pierret hätt a sengem eegenen Numm geschwat an net an deem vun der Gewerkschaft. Dofir huet den SNPGL-President d’Vertrauensfro gestallt, an déi ass negativ fir de Generalsekretär ausgefall.
De Christian Pierret kann d’Opreegung net novollzéien. Et wier him zu kengem Moment bewosst gewiescht, datt hien net d’Interessie vum SNPGL géing vertrieden. Bei der éischter Reunioun wier et net ëm d’Detailer an d’Zukunft vun der Reform gaangen, mä datt een elo a 6 Aarbechtsgruppe géing op d’Reform hischaffen. An dat géif hien begréissen. Säi Mandat géing hien dofir och net fräiwëlleg opginn. Hien wier vun ville Membere gewielt ginn an e géif sech och weider fir d’Interessie vum Corps engagéieren.
D'Gewerkschaft bleift iwwerdeems op Distanz zum Audit.
De Christian Pierret - deen iwwregens och Generalsekretär vun der SPFP ass - gouf vum Gewerkschaftscomité sanktionéiert. Seng Demissioun gouf gefrot. Well hien se net acceptéiert huet, gouf hien als Generalsekretär ofgesat. Op deem Posten ass elo de Jérôme Banchieri.