80 Gäscht waren erwaard gi fir beim Spektakel um Glacis mat dobäi ze sinn. Déi Erwardunge goufen awer nach iwwertraff!
D'Organisateuren hate mat ronn 80 Leit gerechent, schlussendlech stoungen awer op d'mannst 100 Gäscht virun der grousser Agangspaart op der Fouer. Alles kee Problem, Jidderee war invitéiert! Dorënner Leit, déi keen Daach méi iwwert dem Kapp hunn, Laangzäitchômeuren, Toxicomanen, psychesch krank Persounen oder nach Leit, déi hei zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot hunn. Tëschent 6 a 70 Joer, aus all Alterskategorie ware Leit vertrueden. Der Chargée de Direction vun der Stëmm vun der Strooss, Alexandra Oxacelay, no ginn et ganz vill schéin Erënnerungen:
"Schéin Erënnerungen ass, wann d'Leit mer soen, Merci fir dat wat Dir eis geschenkt hutt, fd'nächst Joer si mer nees dobäi! Merci, et war e schéinen Dag, ech hu meng Problemer vergiess, wann d'Leit soen, dat do hätt ech net geduecht, datt ech mech dat géif trauen. D'Leit vergiessen; si sinn aner Mënschen!"
D'Polemik iwwert Heescherten, déi an der leschter Woch ëmmer rëm vu ville Säiten opgestëppelt gouf, kënnt natierlech och bei de Leit op der Strooss un. Enttäuscht ass sou muncher een iwwert de Point de Vue dee Verschiddener iwwert se hunn. Rebelléieren oder Akzeptéieren, vill méi bleift deene meeschten net iwwereg.
E Mëttwoch awer huet Jiddereen all dëst dierfen hannert sech loossen an déi waarm Temperature genéissen. Si all wore komm an hu sech fir e puer Stonne verwinne gelooss an hunn sou muncher Suergen op de Spiller a bei enger gudder Wäinzoossiss mat Purée dierfe vergiessen. Déi gouf vum Jerôme Bigard am Kessel op der Fouer offréiert. Et huet ausgesi wéi eng grouss Famille déi sech fir en Mëtten op der Fouer getraff hat.
D'Stëmmung war gutt, ganz vill zefridden an glécklech Gesiichter sinn iwwert d Fouer gelaf. E grousse Succès war den Ausfluch vun der Stëmm vun Strooss garantéiert. Et däerf een sech schonn op d'Editioun 2016 freeën.