D'Police warnt virun dubiéisen Aarbechter, déi virun allem an der Stad ënnerwee sinn, a spontan Aarbechte maachen, déi kee se ugestallt huet.

Dacks sinn et Renovéierungsaarbechte rondrëm d'Haus. D'Aarbechter maache keen Devis, eng Rechnung gëtt et och net a wa se da fäerdeg sinn, da froe se enorm héich Zommen, déi der Leeschtung net entspriechen.

Si schwätze virun alem eeler Leit un, eréischt viru kuerzem huet eng Fra eng fennefstelleg Zomm misste bezuelen.

D'Police réit, sou Leit net fir sech schaffen ze loossen a sech am Zweiwelsfall u Familljememberen, Frënn oder natierlech och un d'Police z'adresséieren.