Eisen Informatiounen no hält de Pierre Bley bis d'Enn vum Joer op als Hofmarschall. De groussherzogleche Palais ass am Gaangen, en Nofolger ze sichen.

De Pierre Bley zitt sech dat anert Joer aus dem alldeegleche Geschäft vum Haff zeréck, op ausdréckleche Wonsch vun der groussherzoglecher Famill schafft hien nach just op vereenzelten Dossier weider.

De Pierre Bley hat den 1. September 2013 an där Funktioun um Haff ugefaangen.