Der ACEL no géinge virun allem Studenten aus Famille mat niddregem Akommen net genuch ënnerstëtzt ginn.

De Lëtzebuerger Daachverband vun de Studentecercelen, ACEL, fuerdert, dass de System vun de Studiebäihëllefe muss adaptéiert ginn. Nodeems am Abrëll den Educatiounsministère zesumme mat TNS Ilres eng Ëmfro zum Budget vum Student duerchgefouert hat, huet d'ACEL an deene leschte Méint d'Resultater méi genee analyséiert. De Vize-President Laurent Cattarinussi erkläert, dass dobäi festgestallt gouf, dass virun allem Studenten aus Famille mat niddregem Akommen net genuch ënnerstëtzt ginn. Dofir fuerdert d'ACEL, datt Studenten, wou d'Eltere manner wéi 2,5 Mol de Mindestloun verdéngen, 50% méi bourse sociale kréien.

Doriwwer eraus misst och no enger Léisung gesicht gi fir Studenten, déi net vun den Elteren ënnerstëtzt ginn, obwuel dës een héicht Akommes hunn. Och d'Bourse familiale, déi am Moment bei 500 Euro läit, misst op 1.000 Euro eropgesat ginn, well a Famille wou méi Kanner sinn d'Studenten am Schnëtt manner Ënnerstëtzung vun den Eltere kréien. Ënnert dëst Gesetz falen nämlech nëmme Kanner, déi och grad am gaange sinn ze studéieren. Dat wier awer ongerecht, seet d'ACEL, well och Kanner déi nach net studéieren Käschte verursaachen an et dofir kee Grond géif, dës Ënnerstëtzung dorop ze beschränken, datt d'Geschwëster studéieren. All Geschwëster misst an där Rechnung berücksichtegt ginn. Wann zum Beispill ee säi Joer net packt an dann deementspriechend fir dat nächst Joer kee Cedies méi kritt, da kritt och d'Geschwëster keng bourse familiale méi an dat kéint net sinn, sou de Laurent Cattarinussi.

Fir ëmmer nees de System vun de Studiebäihëllefen adaptéieren ze kënnen, fuerdert d'ACEL dann och eng staatlech Plaz opzemaachen, wou regelméisseg Donnéeën iwwer Studente-Boursen a Prête kënnen analyséiert ginn.