De Xavier Bettel hält op als President vun der demokratescher Partei, dëst fir sech ganz op seng Funktioun als Premier kënnen ze konzentréieren.

De Xavier Bettel trëtt als President vun der Demokratescher Partei zeréck. Hien hat déi Responsabilitéit 2013 iwwerholl, seng Demissioun zu dësem Ament ass awer keng Iwwerraschung, wéi hien am RTL-Interview seet.

Zanter 25 Joer ass hien an de Parteigremien an ass elo zu Conclusioun komm, datt d'Energie elo méi op d'Funktioun vum Premierminister muss konzentréiert ginn, grad elo, wou an Europa eng Kris no der nächster ze meeschteren ass. An och zu Lëtzebuerg stinn Challenge virum Premier.

D'DP waart net, bis se sech muss erneieren, mä erneiert sech permanent, seet de Xavier Bettel. Dofir gëtt et och elo Zäit fir eng nei Equipe, déi d'Leedung vun der Partei weider mécht.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel 1

D'Partei muss elo e Successeur sichen, dee gëtt den 28. November op engem ausseruerdentleche Kongress gewielt. Wien do kandidéiert wollt de Xavier Bettel elo awer nach net soen, datt géif sech an den nächste Woche weisen. De Premier ass sech awer sécher, datt seng Partei déi richteg Persoun fënnt, déi d'Partei mat neien Iddie weider ka bréngen. Et ass ee souwuel op lokalem wéi och ob Bezierksniveau gutt opgestallt an dowéinst wäert een dann och gutt Kandidate fir déi verschidde Poste fannen.

De Charel Goerens géif dann och säi Posten als 1. Vizepresident ofginn, am Sënn vun enger Erneierung un der Parteispëtzt.
Dat sot eis den Europadeputéierten zu Bréissel.

Weider Vizepresidentinnen sinn d’Claudia Monti an d’Maggy Nagel

AUDIO: Extrait Xavier Bettel 2