De Grand-Duc am Europarot zu Stroossbuerg
A senger Ried goung et ënnert anerem ëm d'Flüchtlingskris an de Stellewäert vun Europa.
De Staatschef war en Dënschdeg zu Stroossbuerg an huet virun der Assemblée parlementaire vum Conseil de l'europe geschwat.
Hie gouf vun der Presidentin Anne Brasseur empfaang an huet eng Ried an der Plénière gehal. Doranner goung et ënnert anerem ëm d'Flüchtlingskris an de Stellewäert vun Europa.
Um Programm stoungen och Entrevuë mam Generalsekretär vum Europarot, dem Thorbjorn Jagland, an dem Nach-President vum europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter, Dean Spielmann, deen den 2. November vum Georges Ravarani op dem Posten ofgeléist gëtt.
Am meeschte gelies