Desaccord bei Leasingskontrakter a juristesch net iwwerpréifte Statuten sinn 2 Grënn firwat et zu Demissiounen am Exekutivbüro koum.

RTL-Informatiounen no ware Mëtt August scho bei der UGDA d'Invitatioune prett fir en ausseruerdentleche Kongress. Dës goufen awer net erausgeschéckt, soudatt et virun zwou Wochen zum Récktrëtt vu 4 Memberen aus dem Exekutivbüro koum; de President, déi zwee Vize-Presidenten an den Trésorier haten dee Moment jo demissionéiert, well si net méi mam Generalsekretär eens ginn.

D'Drëps an de Relatiounen tëscht deene 5, déi d'Faass zum Iwwerlafe bruecht huet, wär iwwregens e Leasingskontrakt fir technesch Apparater wéi Imprimanten, deen de Generalsekretär Jeannot Clement de President Louis Karmeyer ënnerschreiwe gedoen hätt: Well en existente Kontrakt an deem Sënn net gekënnegt gouf, lafen där elo zwee, wat d'UGDA an den nächste 5 Joer en décke Batz Sue kaschte géif.

Donieft hätt de Jeannot Clement d'Statuten, un deenen hie geschafft huet, net vun engem Jurist aviséiere gelooss, soudass doran eng grouss Huddel wär an doduerch och e Statutekongress néideg wär; dee kéint awer wuel kaum zesumme mat där fir den 29. Oktober zu Stroossen geplangtener ausseruerdentlecher Generalversammlung ofgehale ginn!

Iwwregens schéngen an der Tëschenzäit genuch Veräiner eng Demande gestallt ze hu fir sou eng Assemblée générale extraordinaire.