Am Kader vum Pompjeeskongress sinn um Sonndeg am Nomëtteg an der Stad déi verschidde Corpse mat hiren Asazgefirer defiléiert.

D'Groussgaass an der Stad war um Sonndeg de Mëtteg vu vir bis hanne voll mat Pompjeesween. D'Secouristen hunn am Cortège déi ganz Panoplie vu Gefierer gewisen, déi zu Lëtzebuerg am Asaz sinn.

Kongress a Parade
Am Kader vum Pompjeeskongress, sinn um Sonndeg an der Stad déi verschidde Corpse mat hiren Asazgefierer defiléiert.

41 Ween waren am Cortège duerch d'Stad derbäi, dorënner och méi Spezieller wéi z.B. de Panther vun de Fluchhafen-Pompjeeën, deen ouni Autorisatioun de Findel net däerf verloossen.