Eng nohalteg Gestioun vun eise Bëscher: Dat fuerdert den "Mouvement Ecologique" zesumme mam "Label FSC" Lëtzebuerg.

Si fäerten, datt mam Lëtzebuerger Bichenholz een héichwäertege Produit "verramscht" gëtt an eng Masseproduktioun d'Bëschbild op laang Zäit verännert.

Dat muss verhënnert ginn, seet och de Frank Wolter, Direkter vun der "Administration de la nature et des forêts". D'Naturverwaltung deelt d'Suerg vun den aneren Associatiounen. Einfach gëtt dat awer net.
De gréissten Problem nämlech läit am Export. Et hätt ee constatéiert, datt ee Gros vum Lëtzebuerger Holz tatsächlech an Asien, virop a China exportéiert gëtt. Dat wier net am Sënn vum lokale Marché. De Frank Wolter seet, datt ee sech 2004 am Aktiounsplang festgeluecht hat, fir lokal a regional d'Holznotzung z'ënnerstëtzen.

Dem Direkter vun der Naturverwaltung no wieren d'Chinesen gewëllt, een héijen Präis a Kaf ze huelen. Do géif et deels kee Bësch méi ginn, et wier een also op Import ugewisen. Ausserdeem mécht et fir China Sënn seng voll Containere Richtung Europa net eidel zréck Richtung China ze schécken. D'Holz gëtt dann a China verschafft an nees a Form vu Miwwel a Spillsaachen op den europäesche Marché exportéiert. An dat ass ganz sécher net am Sënn vun der Nohaltegkeet, sou de Frank Wolter.

De lokale Forstprogramm, d'Kaskadennotzung - alles gutt Usätz, mee et gëtt Welthandelsregelen, wou all Wäertholz am Kader vun enger Soumissioun verkaf gëtt. Wann de "Meistbietenden" d'Holz a China exportéiert, kann dat net verhënnert ginn. Et gouf awer schonns decidéiert, eng Cluster-Studie an Optrag ze ginn, sou wéi vum Mouvement an FSC gefuerdert, fir de Sekter lokal a regional z'entwéckelen. Et gëtt gekuckt, ob een nei Regele fir den Holzverkaf kéint aféieren.

Hëllefen soll an deem Kontext och een Ofkommes iwwert d'Nei-Orientéierung vun der nohalteger Bëschwirtschaft, dat elo zu Madrid ënnerschriwwe gëtt. Dernieft war et nach emol de Rappel vum Frank Wolter, datt d'Gestioun vun den ëffentleche Bëscher am Land - an dat sinn ëmmerhinn nach 49 Prozent - ganz sécher net vu wirtschaftleche Critèren gesteiert gëtt.

VIDEO: Méi nohalteg Holz-Gestioun: Reaktiounen
Zu Lëtzebuerg grad wéi an der ganzer Groussregioun gëtt et keng eenzeg Seeerei méi wou di wertvoll Buchestämm verschafft kënne ginn.

"Et leeft am Ablack esou Munches kromm an eise Bëscher"

Dat soen de Mouvement Ecologique an den FSC Lëtzebuerg. Béid Associatioune fuerderen eng méi nohalteg Approche.

Well: Den Holz-Marché ass an der Kris an een héichwäertegen, lokale Produit gëtt ënnert d'Wäert verkaf.

Mam héichwäertege Produit ass d'Lëtzebuerger Holz gemengt, virop aus eisen Buchebëscher. Fir de Roger Schauls gëtt dat Holz haut net méi richteg genotzt. An dat misst engem Suergen maachen, sou de Vizepresident vum Mouvement Ecologique. Et wier een hei an engem Land, wat aus Buchegesellschafte gemaach ass. Leider gëtt et fir Buchenholz den Ament an Europa keen Ofsaz méi. Déi héichwäerteg Stämm gi regelrecht bradéiert, fir den Export an Asien.

Dernieft definéiert d'Gestioun vum Bësch, wéi dësen an Zukunft ausgesäit. D'Buuchegesellschafte kéinten duerno éischter fir Energiezwecker genotzt ginn. Entspriechend géif sech d'Bëschbild hei änneren. De Marché ass an der Kris an d'Holz gëtt bradéiert. Et misst een an der Groussregioun lokal a regional d'Buchestämm notzen, wat och Aarbechtsplaze bedeit.

Fir de Pit Mischo vum Zertifizéierungs-Label FSC gëtt d'Holz esouguer regelrecht "verramscht". Dat wäertvollt Holz, wat iwwer 6 oder 7 Generatiounen geziicht ginn ass, misst zu engem héichwäertege Produit transforméiert ginn, wou de Client och weess, datt en eppes mécht fir d'Bëscher. Eng nohalteg Strategie muss hir, déi garantéiert, datt d'Holz an der Regioun bleift an d'Bëscher net duerch Masse-Produktioun verschandelt ginn.

AUDIO: Nohalteg Holzwirtschaft / Reportage vum Eric Hamus