Den Architektebüro Albert Wimmer ZT-GmbH vu Wien krut am Architekteconcours den éischte Präis, esou de Conseil vum Chem um Freideg.

10 Joer laang gëtt ewell schonn um Projet Südspidol zu Esch geschafft, e Freideg goung am Escher Chem rieds vun engem historeschen Ament: Et ass ee sech eens driwwer, wéi dat neit Spidol soll ausgesinn, de Gewënner vum europäeschen Architekteconcours gouf presentéiert; mam Büro vu Wien, deen eestëmmeg zréckbehale gouf, fir, Zitat, e Spidol vu muer, e Spidol mat enger Séil ze bauen, gëtt elo iwwert déi konkret Virstellunge vum Chem diskutéiert - eng dovunner ass, dass dës Klinik en avantgardisteschen Esprit an de Süde bréngt - an nëmme Positives fir Personal a Patient ...

AUDIO: Südspidol: Reportage Monique Kater

Dat hei ass en humanistesch ausgeriichte Projet, sou de Chem-Direkter. De Michel Nathan schwätzt vun de Pläng vum Wiener Architektebüro, deen eestëmmeg zréckbehale ginn ass, a mat deem elo iwwer déi konkret Realisatioun vum neie Südspidol verhandelt gëtt. De "Centre Hospitalier Emile Mayrisch" wëllt hei dat lescht Wuert behalen a seng Visioun ëmsetzen, präziséiert den Direkter Michel Nathan.

E Spidol vun de Leit fir d'Leit soll et ginn, Personal a Patient solle sech esou wuel fille wéi nëmme méiglech, kuerz Weeër fir déi eng, fräi Vue fir déi aner, d'Regel, dass déi meescht Zëmmer méi wéi ee Bett hunn, wäert fir d'Südspidol net méi gëllen, confirméiert d'Vera Spautz, Escher Buergermeeschtesch a Presidentin vum Chem-Verwaltungsrot.

398 Milliounen hätt et kascht, wann een deen 3 Haiser, also nieft Esch och Diddeleng a Nidderkuer, esou weider lafe gelooss hätt an dat wier och de Budget, no deem ee sech géing riichten, sou den Direkter Michel Nathan. Haut huet een 639 Better, dono sinn et der nach 600, dat leet de Plan hospitalier fest. Duerch méi ambulant Patiente kann een dat kompenséieren.

A wat d'Personal ubelaangt, esou misst op eng Period vun 10 Joer keen entlooss ginn.

Op der Rechnung stéingen 900 Milliounen Euro manner Depensen op 20 Joer gekuckt; de Bau vum Südspidol um Site Elsenbrich, net weit vun der Uni, soll 4 Joer daueren; d'Spidol wäert eng Séil hunn, gouf e Freideg de Moie präziséiert, a soll fir den Dag viru Nationalfeierdag, den 22. Juni 2022 fäerdeg sinn.

Wann ee mam éisterräichesche Büro eens gëtt, baut d'Albert Wimmer ZT-GmbH. Si krut den éischte Präis, ma elo gëtt emol verhandelt. Deemno wéi dat ausgeet, kritt den zweete Präis eng Chance, dee goung un den däitsche Büro gmp International. Op d'Plaz 3 koum de Büro Scau vu Paräis.

Wann alles klappt, soll 2018 ugefaange gi mat Bauen an 2022 soll d'Spidol da prett sinn. Wéi am Spidolsplang virgesi, ginn et 600 Better - Eenzelzëmmer.

© Luc Rollmann

Op "sudspidol.lu" gëtt esou iwwer de Projet informéiert:

Neubauprojekt "Südspidol" Das CHEM plant mit dem Neubau eines Krankenhauses im Süden Luxemburgs ein innovatives und zukunftsorientiertes Klinikum: das "Südspidol (Krankenhaus des Südens)".

Im Vorfeld der Planung hat eine Szenarioanalyse die Aufwertung der drei bestehenden Klinikstandorte Esch, Niederkorn und Düdelingen im Vergleich zu einem Neubau an einem einzigen Standort verglichen. Die Auswertung hat ergeben, dass ein Neubau an einem einzigen Standort bedingt durch einerseits hohe Betriebskosten der drei aktuellen Standorte und anderseits dem sehr großen Bedarf an zukünftigen Investitionen in diese bestehenden Gebäude, langfristig die günstigste Variante darstellt. Eine durchschnittliche Wachstumsrate der Luxemburger Bevölkerung von jährlich 2% sowie die zunehmende Inanspruchnahme von Grenzgängern medizinischer Serviceangebote sind zu berücksichtigen. Die Neugestaltung des CHEM geht jedoch über die reine Fusion von derzeitig drei Standorten und deren heutigen Aktivitäten hinaus.

© Luc Rollmann