Am Oste vum Land kéint et zu enger weiderer Gemengenhochzäit kommen ...

Am Kanton Iechternach envisagéieren d'Gemenge Rouspert a Mompech fir ze fusionéieren. Bis dohin ass et awer nach e Stéck. En Dënschdeg gouf an den zwee Gemengeréit emol festgehalen, datt d'Bierger via Referendum sollen Jo oder Nee soen.

AUDIO: Fusioun Rouspert-Mompech: Rep. Pit Everling

Am Fréijoer dat anert Joer si se gebieden, dat ze maachen, de geneeën Datum kënnt no. Virdru ginn d'Leit am Detail iwwert d'Fusiounspläng informéiert, verspriechen d'Buergermeeschteren, ënner anerem via Biergerversammlungen, an et gëtt och eng Brochure an zwou Sprooche gemaach.

D'Iddi vun enger Fusioun gëtt et scho méi laang, seet den aktuelle Buergermeeschter vu Rouspert, Romain Osweiler. Nodeems ee mat e puer Gemengeréit geschwat hätt, wier een zu Rouspert dovun iwwerzeegt gewiescht, datt Mompech vum Charakter hier deen optimale Partner wier.

Zu Mompech gesi se dat ëmgedréit och sou.

An der "Proposition de convention" steet dran, datt keen ze kuerz soll kommen, dofir kritt d'Gemeng en Duebelnumm: Rouspert-Mompech.

De Siège vun der Fusiounsgemeng kéim op Rouspert an d'Tudor-Schlass, wat elo schonn als Rousperter Märei déngt.

Bei de Gemengewahlen am Hierscht 2017 soll dann déi éischte Kéier den neie Gemengerot gewielt ginn. D'Fusioun géif dann op den 1. Januar 2018 Realitéit ginn.

Den aktuelle Buergermeeschter vu Mompech, Joseph Schoellen: Zu Rouspert an zu Mompech sinn am Moment 9 Leit am Gemengerot, deen neie kritt da fir eng Iwwergangsperiod 13 Leit. Ee Buergermeeschter, 3 Schäffen, 7 Leit fir Rouspert a 6 fir Mompech.

Vun 2023 u sinn et dann 11 Leit an da soll och nom Proporz-System verfuer ginn. Bei den nächste Kommunalwahle géing nach de Majorz-Prinzip gëllen, obwuel déi nei Gemeng schonn da méi ewéi 3.000 Awunner hätt.

Flächeméisseg géing déi nei Gemeng mat ronn 57 Quadratkilometer zu deene méi groussen am Land gehéieren.