Virun der Ambassade de France an der Stad hate sech vill Leit versammelt, fir Solidaritéit ze weisen an un d'Affer ze erënneren.

Op der Mauer virun der franséischer Ambassad hunn zanter der Nuecht op de Samschdeg ganz vill Leit Blummen néiergeluecht oder Käerzen ugefaangen.

D'Gedenkminutt um Méindeg de Mëtteg war eng franséisch Initiativ, déi vun der ganzer EU iwwerholl gi war.

RTL

Gedenkminutt och um Siège vun RTL um Kierchbierg. / © Jacques Van Luijk

D'groussherzoglech Koppel huet zesumme mam Premier Xavier Bettel eng Gerbe bei der "Ambassade de France" néiergeluecht.

E puer honnert Leit hate sech um Boulevard Joseph II an an der Rue Monterey fir dës Gedenkminutt versammelt.

Déi ierfgroussherzoglech Koppel huet d'Gedenkminutt um Parvis vum Palais respektéiert.

D'Attentater vu Paräis sinn en Dënschdeg och e Sujet an der Chamber. Éier mëttes déi normal Chambersessioun ufänkt, wëllen de Chamberpresident Mars di Bartolomeo an de Premier Xavier Bettel am Plenum eng Declaratioun zu den Attentater maachen.

VIDEO: Gedenken un d'Affer
Um Punkt 12 Auer dunn eng gespenstesch Rou, op enger Kräizung wou soss am Dag vill Mouvement ass. Emouvant an ergräifend war d’Gedenkminutt.

Franséischen Ambassadeur war ganz ergraff

Virun der franséischer Ambassad war de Boulevard Joseph 2 carrément gespaart ginn, fir dass déi sëlleche Leit um genee 12 Auer un der Minute de Silence konnten deelhuelen. Zougesot haten déi groussherzoglech Koppel, mä och bal d'ganz Regierung war op der Plaz, fir un d'Affer vu Paräis ze denken, grad wéi de Chamberpresident, Deputéiert, d'Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg a ganz vill Privatpersounen. De Guy Yelda, Ambassadeur vu Frankräich hei zu Lëtzebuerg, war ganz beweegt vun der Solidaritéit, déi ee ganz däitlech konnt spieren.

"C'était un grand moment d'émotion. La France, les Français, qui habitent au Luxembourg, et les Luxembourgeois ont dû être tout comme moi très émue de la présence de l'altesse royale, du gouvernement représenté du président de la chambre des députés, de nombreux parlementaires, de la bourgmestre évidement. Comme nous avons pu partager un moment très intense et de recueillement. On est naturellement tous ensemble très solidaires. Et encore merci au peuple luxembourgeois."

AUDIO: Franséischen Ambassadeur Guy Yelda

Souwäit de franséischen Ambassadeur, deen d'Diere vun der Ambassad um Dënschdeg nach eng Kéier opmécht, fir all déi, déi sech wëllen an d'Kondolenzbuch androen. Rendez-vous ass vun 8.30 Auer bis 17 Auer.

Déi britesch Ambassad läit nëmmen e puer Haus weider, fir den Ambassadeur Alice Walpole war et eng Selbstverständlechkeet, dass si géing un der Minute de Silence deelhuelen ...

AUDIO: Briteschen Ambassadeur Alice Walpole
RTL

© Annick Goerens

Dir hutt d'Wuert op RTLEn Dënschdeg de Moien um 8.10 Auer haten d'Leit nees d'Wuert. Dës Kéier wollte mir wëssen, wéi dir déi bluddeg Attentater zu Paräis erlieft hutt a wéi soll op den Terror reagéiert ginn. Et koume nawell vill Reaktiounen eran, dominéiert hu Schock an Trauer, et woren awer och Temoignagen vun Paräis selwer, an d’Fro wéi een den Terrorismus kann ënnerbannen.

AUDIO: Dir hutt d'Wuert - Wéi gesitt Dir déi bluddeg Attentater?

Gedenkminutt och a Frankräich an an der Tierkei

De President Hollande an de Premier Valls wore bei enger Gedenkminutt un de Sorbonne dobäi.

Um G20-Sommet zu Belek an der Tierkei hunn d'Bundeskanzlerin Merkel an aner europäesch Staats- a Regierungscheffen nieft de Fändele vu Frankräich an der Europäescher Unioun un d'Affer vu Paräis geduecht.

Ob Däitschland seng Militärattacke géint d'Terrormiliz Islamesche Staat verschäerft, wollt déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel um Méindeg net kommentéieren. Fir de Krich a Syrien ze stoppen, huet si op de Friddensprozess vu Wien higewisen. Si huet sech och net konkret dozou geäussert, ob et zu engem UNO-Mandat fir een internationalen Asaz mat däitscher Partizipatioun kënnt.

VIDEO: Minute de silence zu Paräis
De Wee zréck an d'Normalitéit zu Paräis no den Attentater.