De Wëllen hei am Land fir wierklech eppes fir d’Landwirtschaft ze maachen, ass relativ kleng, sou de Jeff Boonen, President vun de Jongbaueren a Jongwënzer

Si haten um Sonndeg den Owend an d’Ackerbauschoul  invitéiert; et misst sech mat méi wéi 2 Ministèren fir si intresséiert ginn; d’Zäite géifen net méi einfach, een TTIP kéim schonn iwwerhaapt net a Fro, an och dat neit Agrargesetz bräicht, iert et gestëmmt géif, nach Ännerungen, zum Beispill a Saachen Ëmweltoplagen.

Méi genee schwätzt de Jeff Boonen hei  vun deem, wat et kascht, sech un d’Ëmweltoplagen ze halen; bis elo goufen déi zu 75% vum Staat iwwerholl, am neien Agrargesetz wier dat net méi de Fall, kritiséiert de President vun de Jongbaueren a Jongwënzer

D’Jongbaueren a Jongwënzer sinn och kloer géint den TTIP, d’Landwirtschaft misst do eraus bleiwen, d’Conditiounen, d’Regelen wieren ze vill ënnerschiddlech, den Handel domadder regional ofhängeg: Nee also hei zum Fräihandel. D’Globaliséierung, de strukturelle Wandel bremsen, dat ass d’Zil an de Wëllen vun deene Jonken; all Joer kommen eng 15 bis 20 nei Betriber bäi, 40 bis 50 halen der op! Ze vill grouss Betriber wéi deen deen 1.200 Mëllechkéi  wëllt sträichen, kéint ee schlecht an eis Landschaft zu Lëtzebuerg integréieren, mengt de Jeff Boonen…och wann esou Betriber nach eng Ausnam sinn, sinn d’Jongbaueren do virsiichteg…

Dofir plädéieren d’Jongbaueren an d’Jongwënzer fir eng differenzéiert Politik, déi d’Subventiounen just zouléisst bis zu der Grenz vun 100, 150 Mëllechkéi…en duerchschnëttleche mëttelgroussen Familljebetrib also.

AUDIO: Jongbaueren: De Reportage vum Monique Kater.