E weltwäit aktive Grupp vu Computer-Hacker mam Numm "Anonymous" huet viru Kuerzem ugekënnegt, e géif dem Islamesche Staat de Krich erklären.

Dës Organisatioun, déi, wéi den Numm et seet, anonym ass, schéngt dëst Verspriechen elo och zu Lëtzebuerg an d'Realitéit ëmgesat ze hunn.

Firwat? Hei ass eng méiglech Erklärung.

De leschte Freideg de Moie schreift den RTL-Journalist Guy Weber eng E-Mail un eng Organisatioun vu jonke lëtzebuergesche Moslemen: Dawah-Lux. Dës Organisatioun ass dëst Joer doduercher opgefall, dass se de Koran op der Plëss an der Stad a Flyeren am Minett verdeelt hunn, wou se zur Lecture vum Koran opruffen. Dawah-Lux ass awer och opgefall, well se op hirer Facebook-Säit e bekannten däitsche Salafist op Lëtzebuerg op e Seminaire wëllen alueden (cf. Reportage vun RTL Télé Lëtzebuerg vum 20. November 2015).

VIDEO: Lux Dawah
.

De leschte Freideg den Owend kënnt eng Äntwert iwwert d'E-Mail-Adress vun der moslemescher Organisatioun.

Se ass op Englesch. Do steet ënnert anerem dran ze liesen:

"Mer sinn am Gaangen, den Islamesche Staat zu Lëtzebuerg auserneenzehuelen."

Hei de ganzen Text:

Well, that's not possible anymore...
We are currently about to take down the islamic state in Luxembourg.

Expect Us.

Sincerely,

Anonymous

Ënnerschriwwen ass de Mail also mat "anonymous".

Et stellt sech séier eraus: Den E-Mail-Kont vun Dawah-Lux ass gehackt ginn.

Wie verstoppt sech dann elo hannert "anonymous"? E Lëtzebuerger oder eng Organisatioun zu Lëtzebuerg? Oder stécht wierklech déi weltwäit aktiv Grupp vu Computer-Hacker hannert dësem mysteriéise Message? Ass et vläit e schlechte Witz? Op dës Fro gëtt et nach keng Äntwert.

D'Sprooch vum Message gläicht jiddefalls där aus dem Video, deen "Anonymous" déi lescht Woch an Netz gestallt huet an an deem se Cyberattacken op den Islamesche Staat ugekënnegt hunn.

Méi Präzisiounen a Reaktiounen op de gehackten E-Mail-Kont an "anonymous" gouf et e Méindeg den Owend um 19.30 Auer am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg (och am Livestream) an elo och online op RTL.lu.

No der Diffusioun vum Tëleesreportage krut RTL dunn dës E-Mail:

Leif RTL, Mir hun grad ären Post iwwert des Noricht gelies
/news/national/736062.html
an wollten iech maddeelen, dad des Attack net vun Anonymous kennt, sondern vun enger Grupp dei sech ennert eisen Numm verstoppt.

Jedach fannen mer dad eng gudd Saach, Relioun ass an eisen aan eppes guddes, soulaang een ned wei mam Schwanz an der effentlechkeet domader ronderemwedelt an ed den aneren weisen soll. Wann een sech dazou bekennen well, dann op egen faust.

mfg
en Anonymous Member vun Letzebuerg.