Ënnert anerem soll et der Police an Zukunft erlaabt sinn, Informatiounen a Computer sichen ze goen, iwwert de Wee vu sougenannten Trojaner.

En Donneschdeg um 15.30 Auer war de Premierminister Xavier Bettel virun der Commission juridique an der Commission de la Force publique vun der Chamber, fir hinnen d'Adaptatiounen iwwer d'Sécherheetsmesure virzestellen. D'Mesure ginn en Dënschdeg nach emol am Detail vum Staatsminister Xavier Bettel an der Chamber presentéiert.

Um 17.15 Auer war dunn eng Pressekonferenz, zesumme mam Justizminister Felix Braz an der Staatssekretärin fir bannescht Sécherheet Francine Closener, wou een d'Resultater der Press an dem Publique virgestallt huet.

U sech geet et drëms, fir mat neie legislative Mesuren den Terrorismus ze bekämpfen, déi am Kontext vun Terrormenacen oder a Froe vu Staatssécherheet gräife kënnen.

Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg just präventiv Mesuren. Zanter Mäerz ass e Plan vigilante amgaang, dee bis elo gutt funktionéiert.  An awer wëll een nach eng méi efficace Handhabung hunn, dofir wëll ee verschidden nei Mesuren aféieren an och verschidden exzeptionell a permanent Mesuren.

Sou kënne Perquisitiounen elo 24 op 24 Stonnen duerchgefouert ginn an eng Garde a Vue ka vu 24 op 48 Stonne verlängert ginn. D'Police kritt dann och Méiglechkeeten, fir Gespréicher op Viber, Skype, etc, an och iwwer Telefon ofzelauschteren.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel 1

Weider kënn d'Police Informatiounen an e Computer siche goen, dëst duerch Aschleise vun Trojaner. Fir Enquêten dierfen d'Beamten dann och Pseudonymmen benotzen.

Donieft gëtt beim ILR eng Zentral Plaz geschaf, wou d'Donnéeë vun Handyclientë gesammelt ginn, sou datt d'Autoritéiten do méi einfach kënnen drukommen. Doduerch wier et dem Parquet dann och méiglech, fir en Handy ze lokaliséieren. An deem Kontext sot de Premier awer och nach iwwer déi anonym Prepaid-Kaarten, datt d'Provider domadder averstane wier. Wann dat awer net géif passéieren, kéint de Premier dat nach ëmmer iwwer Voie réglementaire kéint imposéieren.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel 2

Privatleit, déi elo schonn eng Prepaid-Kaart hunn, si wéi gesot gebiede sech an engem virgeschriwwenen Delai bei hirem Provider mat hirer Carte d'identité ze mellen. Wann den Delai ofgelaf ass, verléiert d'Kaart hir Gültegkeet.

De Parquet a d'Police sollen och méi Handhab kréien, fir Bankoperatiounen ze retracéieren

Bei all falschem Alarm, deen op d'Geriicht kënnt, wëll d'Regierung als Partie Civil um Prozess deelhuelen, well "e falschen Alarm ass kee Kavaléiersdelikt" sou de Premier Xavier Bettel.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel 3

Beim 113 gëtt dann och nach en neie Service geschaf, wou Leit Persoune melle kënnen, déi sech schénge radikaliséiert ze hunn

Bei enger Terrorwarnung 3, soll d'Police zu all Moment Identitéitskontrollen a Fouillen zum Beispill vun enger Posch oder engem Auto maache kënnen.

Och iwwer eng Verännerung vum Paragraf 32/4 vun der Verfassung gëtt nogeduecht. Do steet jo eng Zort état d'urgence dran am Fall vun enge internationaler Krise. Dat soll op Fäll vu nationaler Kris ausgedehnt ginn. Déi Diskussioun soll vun der grousser Verfassungsrevisioun lassgeléist ginn.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel 4

Reaktiounen

Eng éischt Reaktioun gouf et vum LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry, fir deen d'Propose vun der Regierung Sënn maachen, et misst ee just nach d'Detailer vum Text kucken. Déi Mesure sinn awer net mam amerikaneschen Patriot-Act ze vergläichen, mä et si Mesure fir Lëtzebuerg geholl ginn.

AUDIO: Extrait Alex Bodry

Als Verfassungs-Spezialist huet den Alex Bodry ugedeit, et kéint emol séier eng kleng Verfassungs-Ännerung ginn, fir op aktuell national Katastrofe kënnen ze reagéieren.

AUDIO: Extrait Alex Bodry 2

Fir d'CSV-Oppositioun, sot de Claude Wiseler, wier prinzipiell mat villem d'Accord, wat si haut vum Premier héieren hunn. Zemools och dowéinst, well villes CSV - Propositiounen gläiche géif.

AUDIO: Extrait Claude Wiseler

De Gast Gibéryen vun der ADR huet och Verständnis fir d'Mesure gewisen, huet awer nach eng Kéier kritiséiert, datt d'Koalitiounsparteien an d'CSV sech ouni déi kleng Parteie concertéiert hätten.

AUDIO: Extrait Gast Gibéryen

De Serge Urbany vun Déi Lënk sot, et misst een déi biergerlech Fräiheetsrechter onbedéngt schützen. Hien huet kritiséiert, datt all déi haut annoncéiert Mesure sech op eng onkloer Terrorismus-Definitioun stäipen.

AUDIO: Extrait Serge Urbany
VIDEO: Reaktiounen op d'Mesuren
Gréisstendeels Zoustëmmung, ma eenzel Bedenken wat déi elementar Rechter vun de Bierger ugeet.

Ënnert anerem soll et der Police an Zukunft erlaabt sinn, Informatiounen a Computer sichen ze goen, iwwert de Wee vu sougenannten Trojaner. Vill Detailer soss sinn nach keng bekannt. Der Piratepartei no ass sou eng Mesure awer méi wéi kontraproduktiv. De Sven Wohl ass der Meenung, dass duerch sou eng Mesure ee falscht Sécherheetsgefill vermëttelt gëtt.
Well et kéint jiddereen zu all Ament betraff sinn, betount de Vizepresident vun der Piratepartei. Ähnlech kritesch gesäit d'Piratepartei och d'Annonce, wat d'Oflauschtere vun Telefonsgespréicher respektiv Kommunikatiounen iwwer zum Beispill Skype, uginn. Si wieren net gerechtfäerdegt an hätten am Endeffekt näischt bruecht.

AUDIO: Reaktioun Piratepartei/Reportage Folscheid


Dem Vizepresident vun der Piratepartei no géifen sou Aktiounen, wéi eis Regierung se envisagéiert, net nëmmen Angscht virum Terror schafen, mä mir géifen eis och selwer terroriséieren. Et ass dowéinst den Appel un d'Regierung sech déi Mesuren nach eemol ze iwwerleeën, well déi mannst Mesuren wieren efficace an déi meescht dovun iwwerflësseg, sou nach de Sven Wohl.

Hei d'Schreiwes vun der Piratepartei:

Proposéiert Sécherheetsmesuren: En Ugrëff op d'Privatsphär

D'Piratepartei ass sech bewosst, datt no deene fuerchtbaren a feigen Uschléi zu Paräis an Europa den Ausnamezoustand herrscht. Et gëllt elo méi wéi jee sech deene Problemer unzehuelen, déi mir zënter Joeren der Einfachheet hallwer ausgeblend hunn.
 
Nodeems eis Nopeschlänner Frankräich, d'Belsch an Däitschland, d'Sécherheetsmesuren drastesch erhéicht hunn, ass haut eis Regierung a Form vum Staatsminister, Justizminister a Staatssekretärin am Verdeedegungsministère un d'Ëffentlechkeet gaangen, fir och zu Lëtzebuerg nei Sécherheetsmesuren ze annoncéieren. Niewent engem Eropsetze vun der Untersuchungshaft vu 24 op  48 Stonnen, wëll d`Regierung sech an Zukunft virun allem méi Méiglechkeete ginn, fir an d'Privatsphär vun all eenzelnen anzegräifen. D'Regierungskoalitioun, déi u sech aus progressiven a liberale Parteie besteet, schreckt heibäi mol net virum Asaz vu sougenannte Staatstrojaner zeréck, engem Tool, deen an Däitschland fir vill Opreegung an Empörung gesuergt huet.
 
Datt d'Beschneiden an d'Recht op Ophiewe vun der Privatsphär näischt bréngt, huet de Fall Paräis gewisen. D'Fransousen, déi schonn zanter Joeren d'Vorratsdatespäicherung hunn, konnten trotz villen Hiweiser vu friemen Déngschter, d'Attentater net verhënneren. Elo ze mengen, datt mir mat ähnleche Moyenen zu Lëtzebuerg besser fueren, wou net emol den Ufank vun engem Verdacht op eng aktiv Terrorzell besteet, ass net nëmme mat Kanounen op Spatze geschoss an déngt soss näischt ewéi dem konsequenten Ausbau vun engem Iwwerwaachungsstaat.
 
"Des Mesurë suerge bei der Bevëlkerung net zu engem Gefill vu méi Sécherheet, ma zu enger méi grousser Angscht virun engem Staat, deen ëmmer méi probéiert, déi eege Bierger ofzelauschteren", sou de Sven Wohl, Vizepresident vun der Piratepartei. Schuedsoftware zu Iwwerwachungszwecker anzesetzen, ass an dësem Kontext net nëmmen aus technescher Siicht ze kritiséieren, ma stellt e kloren Agrëff an d'Privatsphär vun all eenzelen duer.

Déi Liberal schwätzt an engem Schreiwes vun engem Iwwerwaachungsstaat.

Das Leben der Anderen

Déi Liberal kritisieren die gestern von der Regierung beschlossenen Anti-Terror-Maßnahmen, da diese den Bürger nicht vor terroristischen Attentaten schützen werden. Die Pariser Anschläge haben verdeutlicht, dass die permanente Überwachung der Bürger im Kampf gegen den Terrorismus nicht dienlich ist.

Die Freiheit und Grundrechte, wie der Schutz der Privatsphäre, werden bewusst geopfert. Der Überwachungsstaat wird zu einer traurigen Realität. Der IS ist offenbar dabei sein Ziel zu erreichen und die freiheitliche Grundlage unserer Gesellschaft zu zerstören.

Der NSA-Skandal hat gezeigt, dass der Bürger nicht vor Machtmissbrauch geschützt ist. Der Staat könnte also bald zu einer großen Bedrohung für die individuelle Freiheit werden. Wer schützt den Bürger vor einem eventuellen Missbrauch dieser neuen Anti-Terror-Maßnahmen?

Zanter den Attentater zu Paräis sinn d'Leit hei zu Lëtzebuerg och ganz opmierksam a mellen der Police verdächteg Elementer, seet d'Staatssekretärin Francine Closener. Déi bedauert, datt d'Kontrollen op der franséischer Grenz néideg sinn a weiderginn. Wat déi opmierksam Bierger ubelaangt, sou hu sech vill Leit gemellt, déi eppes gesinn hunn, wat hinne verdächteg virkomm ass. Zanter den Attentater zu Paräis sinn der Police hei am Land 87 Autoe an 82 Persounen gemellt ginn. D'Police ass och all deenen Indicen nogaangen, konnt awer kee Lien mat Paräis oder Bréissel maachen.

AUDIO: Extrait Francine Closener

D'Staatssekretärin ass d'ailleurs ganz zefridden, datt déi nei Mesure géingt den Terrorismus an der Chamber grouss Zoustëmmung fonnt hätten. D' Police an d'Justiz bräichte besser Moyene géint déi terroristesch Menace.