An der Chamber mécht de Mëtteg de Premier Xavier Bettel eng Declaratioun iwwert déi national Sécherheet an den Terrorismus. Duerno ass eng Debatt am Plenum

Leschten Donneschden huet de Staatsminister jo adaptéiert Sécherheetsmesure fir Lëtzebuerg virgestallt.

Sou kënne Perquisitiounen elo ronderëm d'Auer duerchgefouert ginn. Eng Garde a Vue ka vu 24 op 48 Stonne verlängert ginn. D'Police kritt och Méiglechkeeten, fir Gespréicher op Skype an och iwwer Telefon ofzelauschteren.

Weider kann d'Police Informatiounen an e Computer siche goen, dëst duerch Aschleise vun Trojaner. Fir Enquêten dierfen d'Beamten Pseudonymmen benotzen. An déi anonym Prepaid-Kaarte ginn ofgeschaf.

Luef, mä och Kritik gouf et schonn un deene Sécherheetsmesuren... de Chaos Computer Club Lëtzebuerg weist sech um Dënschdeg de Moien an engem Schreiwes schockéiert iwwer d'Annoncen. Bei der potentieller Aféierung vun engem Staatstrojaner giff ee sech op de selwechten Niveau wéi Däitschland, Saudi-Arabien, Uganda oder Ägypten stellen.

E Staatstrojaner giff den ICT Standuert Lëtzebuerg komplett ënnergruewen.