... an dat well mir eis Militärpräsenz am Mali verduebelen: Aus engem Zaldot ginn der zwee!

D'Nouvelle ass zwar scho méi al, se staamt vun Enn November, ma op internationalem Level schéngt e eréischt elo esou richteg ukomm ze sinn, wann een zum Beispill kuckt, wat um Donneschdeg op Twitter lass war: Do war d'Verduebelung vun der Lëtzebuerger Militärpräsenz am Mali e grousse Sujet - mir erhéije jo eise Kontingent vun 1 op 2 Zaldoten. Dat fir déi franséisch Arméi am Kamp géint den IS ze entlaaschten ...

Dem Internet-Hype - "Le Luxembourg" war zu engem "Trend" op twitter ginn - virausgaange war eng Dépêche vun der franséischer Noriichtenagence AFP mam Titel: Pour lutter contre l'Etat islamique, le Luxembourg double sa présence militaire au Mali et envoie sur place... un deuxième soldat.

Dat schéngt nawell Medien inspiréiert a Useren ameséiert ze hunn ... wéi hir Tweets beweisen ...