De Vincent Artuso, de Charles Barthel, den Henri Wehenkel, de Michel Pauly an d'Marie-Paule Jungblut hu sech eng animéiert Diskussioun geliwwert.

Zanter Méint debattéieren Historiker, iwwert den Contenu an d'Interpretatioun vum Artuso-Rapport. Haapt-Sträitpunkt ass jo ob d'Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun am Zweete Weltkrich mat den Nazi-Besatzer  kollaboréiert huet, an deemno Matschold un der Deportatioun vun de Judden dréit oder net? E Méindeg den Owend goung an dem Kontext d'Debatte an déi nächst Ronn. An enger Table Ronde stounge sech nämlech net nëmmen den Auteur vum Rapport Vincent Artuso an den Haaptkritiker Charles Barthel géinteniwwer, mä och d'Historiker Michel Pauly, Henri Wehenkel a Marie-Paul Jungblut woren derbäi fir Froe ronderëm dës historesch Kontrovers auszeschaffen.

RTL

© Annick Goerens /RTL

E Méindeg den Owend gouf knapp 2 Stonne laang debattéiert. An et wor virun allem een Hin- an Hir tëscht dem Vincent Artuso an dem Charel Barthel. Déi aner 3 Historiker sinn am Verglach relativ wéineg zu Wuert komm. Haapt-Sträitpunkt wor d'Roll vun der Lëtzebuerger Verwaltungskommissioun, déi d'Land regéiert huet, während déi eigentlech Regierung am Exil wor. De Vincent Artuso mécht kloer, dass d'Verwaltungskommissioun, ënnert dem Albert Wehrer, net just een administrative, passive Gremium wor, mä selwer Responsabilitéiten ze droen hat.

Vincent Artuso: Et ass éischtens, dass déi defacto Regierung den 9. August 1940 e Befehl vum Gauleiter Gustav Simon acceptéiert, an deem et heescht, dass Fransousen a Judden net méi op Lëtzebuerg däerfen zréck. Et ass ëm déi Leit gaangen, ëm déi Lëtzebuerger, déi den Dag vun der Invasioun a Richtung Frankräich geflücht waren. Den 13. August 1940 kënnt dann eng Äntwert vum Albert Wehrer, wou en acceptéiert dat Befehl z'applizéieren, wat bedeit, dass ab deem Dag zwou Zorte vu Lëtzebuerger Bierger entstinn: Arier, an Net-Arier... Net-Arier déi da kee Recht méi hunn op Protektioun vun der Regierung.

Natierlech wär d'Verwaltungskommissioun eng Ersatz-Regierung gewiescht, erklärt de Charles Barthel. Et wär jo och soss keen do gewiescht fir d'Land ze regéieren. Natierlech hätt een do och verschidde Saache gemaach fir....

Charles Barthel: ... op kee Fall Preisen mat iergendeppes provozéieren. Consigne fir de Wehrer, an d'Spill wat do gespillt gëtt, schéint mir absolut evident ze sinn. Vu vir eran eng duebbelgleiseg Strategie, engersäits vis-à-vis vun den Alliéierte kloer Faarf bekennen op wéi enger Säit datt mir Lëtzebuerger stinn, an op der anerer Säit ze probéiere fir niewent der militärescher Besatzungsmuecht eng méi oder wéineger autonom Verwaltungsstruktur oprecht ze erhalen.

RTL

© Annick Goerens /RTL


Op dem Punkt wor och den Henri Wehenkel sech mam Charles Barthel eenz. D'Verwaltungskommissioun wär an enger Zwangssituatioun gewiescht. An den Ament, also 1940, hätt een nach un ee Kompromëss-Fridde geduecht.

Henri Wehenkel: Also ech mengen, dat war also net am Kapp vun Här Wehrer ganz eleng entstanen. Hien huet sech wéi e gudden Diplomat, wéi e gudde Beamten no alle Säiten ofgeséchert. Dat fir just d'Verantwortung vum Här Wehrer ze räissen. Ech hunn dofir och ni vun engem Kollaborateur Wehrer geschwat.. ech mengen et war e Versuch vu Kollaboratioun. Et war e Versuch dee gescheitert ass, dee gescheitert ass net duerch d'Schold vum Här Wehrer, mä duerch d'Schold vum Gauleiter a vun den Nazien.

De Vincent Artuso huet doropshin awer nach eng Kéier kloer gemaach, dass a sengem Rapport ni vun enger direkter Scholdzouweisung geschwat gëtt.

RTL

© Annick Goerens /RTL

Vincent Artuso: Et ass néierens Rieds am Rapport vun enger Schold, déi eleng d'Schold wier vun der Verwaltungskommissioun, an et gëtt och keng Personifizéierung vun der Kollaboratioun am Här Albert Wehrer. Dat ass am Rapport net dran. Mäin Optrag war d'Attitude vun der Verwaltungskommissioun ze klären an dowéinst, natierlech ass dann de Projekter op d'Verwaltungskommissioun, mä néierens schreiwen ech a menge Konklusiounen, dass d'Verwaltungskommissioun eleng responsabel ass.

AUDIO: Historikersträit 1. Deel / Reportage Annick Goerens

Am Debat goung et awer net nëmmen ëm d'Roll vun der Verwaltungskommissioun, mä och ëm de sougenannte „mentalitéitshistoresche Kontext“. Also wéi d'Leit deemools iwwer Judde geduecht hunn, a wéi se sech eventuell scho virum Krich verhal hunn. Et hätt nämlech och scho virum Krich ee gewëssenen Antisemitismus existéiert. An dofir hätte verschidde Leit sech duerno och ganz aktiv un der Juddeverfolgung bedeelegt.

RTL

© Annick Goerens /RTL

An dofir ginn et och eng Rei Beweiser, erklärt de Michel Pauly. Dat wär och den Grond firwat de Vincent Artuso een Drëttel vu sengem Rapport un Zäit virum Krich consacréiert huet, fir genee déi antisemitesch Haltung ze captéieren.

Michel Pauly: Also fir ze verstoen, wisou kann iwwerhaapt een an déi Richtung goen, huet en an dem Rapport méi wäit ausgegraff, a versicht d'Stëmmung an den 30er Joren erëm ze ginn, wou een effektiv awer scho feststellt, dass op administrativem Wee, bei deene Leit déi op Lëtzebuerg awanderen, an dat sinn der Dausenden, dat muss ee wierklech soen... dass do effektiv ëmmer den Ënnerscheed gemaach gëtt tëscht Judden an Net-Judden.

D'kathoulesch Kierch wär och fir een Deel vun dësem Anti-Judaismus responsabel, mee de Staat selwer war eigentlech neutral gewiescht erklärt den Vincent Artuso. Fir also ze verstoe wéi d'Stëmmung konnt ëmschloen, wär et wichteg gewiescht fir den éischten Drëttel vun der Aarbecht mat där Fro ze verbréngen.

Vincent Artuso: An do ass déi grouss Ambiguitéit vun der Zäit, dass am Fong geholl Diskriminatiounen en Ëmwee wäerten huelen, an zwar net well de Staat aus Prinzip eraus wëll diskriminéieren, mä well d'Autoritéiten sech soen, mir mussen onbedéngt déi Immigratioun vu jiddesche Flüchtlingen andämmen. Et ass net Rieds vun enger longue durée, vun engem déiwen Antisemitismus a jidder eenzelnem Lëtzebuerger. Et geet drëms ze gesinn, wéi op eemol déi Flüchtlingsfro zu enger Juddefro gëtt. 

RTL

© Annick Goerens /RTL

De Vincent Artuso huet awer sech awer net nëmme kritiséiere gelooss, mä och selwer dem Charles Barthel seng Usiichten a Fro gestallt. Am Februar gouf den Artuso-Rapport prsentéiert, am Juni huet d'Parlament sech entschëllegt an eréischt am Oktober gouf dem Charles Barthel seng Kritik am Lëtzebuerger Wort publizéiert. Dat géing Froen opwerfen, sou de Vincent Artuso.

Vincent Artuso: Do ware sou vill Méint, wou Dir Här Barthel, Är Bedenken hätt kéinte mellen, op enger positiver Aart a Weis, dat heescht als Contributioun zu enger demokratescher Debatte... mä neen, Dir hutt gewaart, bis d'Decisioun getraff gouf, fir dono eng Bomm ze schéissen. Wat erkläert Är Initiative, Dir hutt et selwer gesot... Dir waart rosen! Dir hutt net mat der Iddi gehandelt ech brénge lo meng Stëmm an enger wichteger Debatte. Dir hutt Iech gesot: Neen... ech muss mech iergendwéi géint eng Persoun rächen.

Natierlech wär de Rapport net perfekt, erklärt den Henri Wehenkel zum Schluss. Mä de Vincent Artuso hätt ee Pavé an den Dëmpel geheit, an elo 70 Joer duerno kéint Geschichtsschreiwung iwwer déi Period endlech richteg ufänken.

AUDIO: Historikersträit 2. Deel / Reportage Annick Goerens