De Laurent Cattarinussi, aktuelle Vizepresident fir d'Representatioun vun der ACEL, steet zanter dem Samschdeg den Owend un der Spëtzt vun der ACEL.

D'Acel, den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentecerclen, huet en neie President.

Op der traditioneller Generalversammlung gouf den Laurent Cattarinussi um Samschdeg den Owend un d'Spëtzt vun der Studentenorganisatioun gewielt. DenStudent vun Zürich war bis ewell als Vizepresident zoustänneg fir d'Representatioun bei der Acel. Hie léist domadder de Clifton Cano als President of.

Iwwerdeems goufen op der Versammlung och 3 nei Cerclen opgeholl: dat wieren zum Engen d'Studenten aus Holland, de Cercle vun den Studenten an de Kommunikatiounswëssenschaften an d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothecaire-Studenten.

D'Reel ass dat anert Joer dann zu Kaiserslautern.

AUDIO: ACEL President Laurent Cattarinussi / Interview Eric Hamus