D'Leitung ënnert engem Trottoir war ausernee gefuer, den Trottoir huet sech gehuewen an d'Waasser ass eraus geschoss komm. E Mëttwochmoie gëtt gefléckt.

Et ass och an d'Garage an an de Keller vun engem Haus gelaf. D'Pompjeeën hunn d'Waasser direkt ofgespaart, konnten awer net evitéieren, dass d'Waasser eng 90cm héich an engem Haus stoung. En Auto stoung bis bei d'Steierrad am Waasser.

AUDIO: Den Henri Glesener vun den Diddelenger Pompjeeën

Gutt zwou Stonne laang hunn d'Pompelaarbechte gedauert. Den Informatioune vun de Pompjeeën no waren et ronn 300'000 Liter. Bis kuerz no 4 Auer um Mëttwoch de Moie waren d'Pompjeeën am Asaz.

Um Mëttwoch de Moie fréi gouf dann och direkt ugefaangen, de Schued an der Strooss ze flécken. Dowéinst hunn an der Route de Luxembourg zu Diddeleng d'Haiser vun der Nummer 40 bis 104 bis op Weideres kee Waasser.

RTL

D'Fléckaarbechten hunn direkt e Mëttwochmoie fréi ugefaangen / © Domingos Oliveira / RTL

Am Asaz waren d'Pompjeeë vum Asazzenter Diddeleng, d'Police vun Diddeleng, grad wéi dat städtescht Waasserwierk.