Esou nennt sech een neie Groupement, deem säin Zil ass, Steiergerechtegkeet, respektiv Ongerechtegkeet an der Welt an awer och hei am Land z'analyséieren.

AUDIO: Tax Justice/Reportage Diane Klein

De Groupement wëll Weeër weisen, wéi ee kéint hin zu enger Economie kommen, déi nohalteg a sozial responsabel ass.

Dee Collectif ass elo offiziell virgestallt ginn.

Iwwer 30 Leit hu bis ewell mat hirer Ënnerschrëft zum Ausdrock bruecht, datt si d'Ziler vum Collectif ënnerstëtzen.

Ee vun de Spriecher vun Tax Justice, de Mike Mathias, ass iwwerzeegt, datt dee Krees Potential huet, fir méi grouss ze ginn. Den Ofbau vum Staat a ville Länner ass weidergaang. An deem Sekter stelle sech ëmmer méi Leit och deontologesch Froen. Den Debat soll méi fachlech ginn.

AUDIO: De Mike Mathias

© D. Klein

Den Haaptausléiser fir dee Collectif ze grënnen, war d'Affaire Luxleaks, déi Mechanismen op gedeckt hat, mat deenen international Konzerner hir Steiere ganz däitlech konnte reduzéieren. Esou Mechanisme ginn am Endeffekt zu Laaschte vun de Leit, esou deen zweete Spriecher vun Tax Justice, Luc Dockendorf. Wann de Staat Steiere verléiert, wierkt sech dat op d'Bierger vun engem Land aus.

AUDIO: De Luc Dockendorf

Un déi Leit, déi sech vum Thema Steiergerechtegkeet ugeschwat fillen, geet den Appel vum Collectif, sech hinnen unzeschléissen.

Eng éischt ëffentlech Aktioun vun Tax Justice ass de 27. Januar mat enger Konferenz iwwer Steiergerechtegkeet.

Informatioune ginn et op: taxjustice.lu