Elo ass se nach eng grouss Virwëtztut, d'Steierreform, iwwer déi de Premier eréischt Detailer de 26. Abrëll an der Ried zur Lag vun der Natioun wëll ginn.

AUDIO: MouvEco/Reportage Diane Klein

Um Dënschdeg huet de Mouvement Ecologique scho mol seng Iwwerleeunge presentéiert, wéi d'Richtung misst ausgesinn. Dat op Basis vun enger Etude, déi beim däitsche Forum ökologisch-soziale Marktwirtschaft bestallt gi war.

Deene Konklusiounen no gëtt et hei am Land duerchaus Sputt fir op de Wee vun enger nohalteger Steierreform ze goen.
Mir hunn eis als Land jo Ziler ginn an dorop sollt elo hi gesteiert ginn, fuerdert d'Presidentin vum Mouvement,
Blanche Weber: Manner CO2-Emissiounen, méi flächespuerend Bauen a Liewen, Ressourcen schounen, fortkomme vu klasseschen Energien hin zu nohaltegen Energien. Eise Steiersystem géif awer grad de Contraire ënnerstëtzen.

De Faktor Ëmwelt an de Faktor Kapital den Ament ganz wéineg belaascht, sou d'Analys vum Mouveco. Par Konter géif een Aarbecht besteieren. Et hätt ee gären eng Koheränz. Et kéint een net dat Engt soen an dat Anert maachen.

Den däitsche Forum FÖS huet eng ganz Partie Varianten opgezeechent, wéi d'Steierreform kéint nohalteg orientéiert ginn an och wéi d'Recettë an engem ökologesche Sënn besser agesat kéinte ginn, huet d'Presidentin vum Mouvement Blanche Weber notéiert an et misst elo d'Richtung definéiert ginn. Ee Beispill wier d'Besteierung vun Déngschtween, déi dem Alexander Mahler vum FÖS no dacks méi niddreg ass wéi bei Privatween. An dofir missten d'Steiere sech och no de reelle Käschten a Punkto Ëmweltbelaaschtung orientéieren.

Um Dënschdeg kréie Vertrieder vu Gewerkschaften, politesche Parteien a Wirtschaft déi Etude virgestallt an um Mëttwoch huet de Mouvement och Rendez-Vous beim Finanzminister Pierre Gramegna.