An der aler Déifferdenger Schwämm soll am Abrëll d'Kinésschoul opgoen, ma nach ass et e Schantjen.

Bei den Autorisatioune gouf et e puer Startschwieregkeeten, ma elo wär alles gutt um Rullen, sou den Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini. 4 Milliounen Euro stécht Lunex an den Ëmbau, d'Gemeng hirersäits investéiert och nach eng Kéier 1 Millioun.

Och wann et am Abrëll just mat enger Schoulklass lassgeet, sou sollen op laang Dauer 400-800 Studenten hei fir Kiné, Sportsmanager a Sportswëssentschaftler léieren.

VIDEO: D'Lunex Universität fängt zu Déifferdeng un
Kinésithérapie, Sportwëssenschaften a Sportmanagement ginn do ugebueden. Déi éischt Klass soll Ugangs Abrëll ufänken