25.897 Persounen hunn den 31. Dezember 2015 am Lëtzebuerger Bankesecteur geschafft. Dat sinn der 74 méi ewéi déi selwecht Zäit am Joer virdrun.

Am Verglach mam Mount virdrun war et eng Hausse vu 53 Plazen.

Dat huet d'Lëtzebuerger Zentralbank um Freideg matgedeelt.