Dat sot den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten iwwer d'Prozedur, wéi d'Deputéiert d'Dokumenter vun den TTIP-Verhandlungen am Ausseministère liese goe kënnen.

De Chamber-President Mars di Bartolomeo huet den Deputéierten erkläert, wéi dat technesch geet. Den Yves Cruchten huet kommentéiert, datt ee virdrun guer näischt ze gesi kritt huet, wat nach eng méi grouss Demütegung gewiescht wier.

Et hätt een um Dënschdeg gesot kritt, datt ee muss Rendez-Vous huelen, fir da mat engem Mataarbechter Dokumenter gewisen an erkläert ze kréien. Hie géif zwar keng Fotokopien maachen, mee duerno awer scho seng Meenung iwwer den TTIP soen. De Chamberpresident hätt den Deputéierten och gesot, si hätten en Eed op d'Verfassung geluecht. Där wiere si verflicht a soss näischt.

Den Yves Cruchten sot awer och nach, et wier prinzipiell e Fortschrëtt, datt d'Deputéiert iwwerhaapt Abléck kriten an déi wichteg an ëmstridden Verhandlungsdokumenter.

Ganz kritesch huet sech fir d'CSV de Laurent Mosar geäussert. Hien ass guer net d'accord dermat, datt d'Deputéiert en Dokument missten ënnerschreiwen, dat et hinne verbitt, iwwer dat ze schwätzen wat se gelies hunn. Dat Ganzt wier eng Parodie vun Transparenz.

Ongeféier déiselwecht Kritik koum vum Lénke Serge Urbany. Et wier inakzeptabel eng Regelung z'ënnerschreiwen, datt ee kéint ugesicht ginn, wann Deeler vum Dokument un net-habilitéiert Persoune géinge kommen.

Déi Gréng an d'DP wollte sech nach net definitiv op Kritik oder Luef vum Procédé festleeën. D'ADR sot, si giffe selwer decidéieren, iwwer wat am Interêt vum Land misst geschwat ginn a wouriwwer net.

Stop TTIP

"D'Verhandlungen iwwert d'Fräihandelsofkommes TTIP sinn net nëmme komplett ontransparent, seng Modalitéite stelle souguer eis Demokratie a Fro." Dat seet d'Plattform STOP TTIP, déi sech aus 20 Lëtzebuerger Organisatiounen zesummesetzt. D'EU-Kommissioun hat et den nationale Regierungen an der Lescht erliichtert d'Texter vum Ofkommes anzegesinn. D'Wuert „erliichtert“ trëfft dobäi awer nëmme ganz begrenzt zou. D'Blanche Weber vu STOP TTIP erklärt d'Regelen, déi d'Deputéiert musse respektéiere fir de Liesraum dierfen ze benotzen:

D'Deputéiert dierfte kee Smartphone mat eran huelen, si dierfte keng Kopië maachen, kee Bic mat eran huelen, keen Apparat benotze fir aus dem engleschen ze iwwersetzen. Si misste bannent e puer Stonnen e puer honnert oder e puer dausend Säite liesen, an si dierfte och keng Experte mat eran huelen, déi hinne bei verschiddenen Textpassage géifen hëllefen, déi juristesch héichkomplizéiert wieren. Dat allerschlëmmst wier awer, dass se net iwwert dat dierfte schwätze wat se gelies hunn. Domatter géif d'Demokratie a Fro gestallt ginn, sou nach d'Blanche Weber. D'Haaptaufgab vun den Deputéierte wier jo schliisslech iwwert dat ze diskutéieren, wat se wëssen. Hir Grondaufgab kënne se soumat net méi erfëllen, a si ginn dohinner gestallt wéi kleng Kanner.

AUDIO: D'Blanche Weber

STOP TTIP appeléiert un d'Deputéierten, sech dës Aschränkungen esou net gefalen ze loossen.