An der Chamber goufen e Mëttwoch am spéide Mëtteg zwou Gemengefusioune gestëmmt.
D'Gemenge Béiwen un der Atert an Tënten doe sech zesummen a ginn d'Gemeng Helperknapp.
Habscht a Simmer fusionéieren a si vum 1. Januar 2018 un d'Gemeng Habscht.
Déi nei Gemeng Helperknapp wäert eng 3.800 Awunner zielen, Habscht 4.200.
Helperknapp kritt e Subside vum Staat vun iwwer 7,5 Milliounen Euro. Fir Habscht sinn iwwer 8,3 Milliounen.
Déi zwou Gemengefusioune sinn unanime, also vun alle 60 Deputéiert an der Chamber, ugeholl ginn.
Am meeschte gelies