Si hunn 2 Milliounen investéiert an am lafende Betrib hir Urgence renovéiert a raimlech reorganiséiert. Am Spidol um Kierchbierg.

AUDIO: Nei Urgence/Reportage Nico Graf

Et huet ee gesinn, datt bal alles fäerdeg ass, just d'Plafonge sinn zum Deel nach op an et gesäit ee nach déi vill Leitungen, déi an engem Spidol eben néideg sinn. Mä de responsabelen Direkter Gast Schütz ass ganz houfreg op dat, wat si bis ewell geleescht hunn. Et geet méi séier fir Urgence-Patienten, déi nei erakommen a si sinn ënner sech: d'Patiente mat Rendez-vous ginn elo anzwousch anescht hin, d'Salle d'attente ass manner voll.

An et kommen Dag fir Dag vill Urgence-Patienten: An der Moyenne 220 Passagen pro 24 Stonnen. D'Leit ginn a 5 Kategorien agedeelt: vu Kategorie 1 extrem urgent – also Schlag oder Infarkt – bis Kategorie 5, nujee, dee Schnapp huet Zäit. Fréier war d'Prise en charge vun de Leit e bëssi lues. De Grad un Urgence gëtt direkt am Ufank gekuckt. Et gëtt jo dacks gekrasch, an der Urgence giff et esou laang daueren, ier een dru kéim. Mat deem neien Triage-System hätt ee besser Zäiten. 2015 war d'Moyenne 3 Stonnen. Dëst Joer sinn et nëmme nach 2 Stonnen.

Bei der Visite vun der neier Urgence souzen e puer Leit an enger opfälleg klenger Salle d'attente. D'Zil wär eben, fir d'Waardezäit sou kleng wéi méiglech ze halen. Mä nach ass déi nei Urgence eben nei, an eng richteg - och statistesch - Evaluatioun - gëtt et eréischt an den nächste Méint.