An der Nuecht op e Sonndeg goufen d'Péitenger Pompjeeë geruff, well um 01.50 Auer et am Péitenger Schrebergaart an der Belle-Vue Strooss gebrannt huet.

Wéi d'Péitenger Pompjeeën op d'Plaz ukoumen, stounge schonn e puer Gaardenhaisercher komplett a Flamen, op enger Fläch vun insgesamt 150m2.

Affer gouf et bei dësem Feier och ze bekloen, ronn 100 Déieren, Hénger, Huesen an Dauwen waren an de betraffenen Haisercher ënnerbruecht.

Den Asaz sollt sech als schwiereg erausstellen, well vill Buden an de Koup gefall sinn an d'Feier ënnert de blechen Diech weider gebrannt huet. Och e puer Gasfläschen goufen aus dem Feier gezunn an hu misse gekillt ginn.

D'Läschaarbechten hu bis an d'Moiesstonne gezunn. Réischt géint 06.00 Auer konnten d'Pompjeeën d'Plaz verloossen.

D'Pompjeeë ware mat 22 Mann a 6 Gefierer am Asaz. Och d'Police vun Déifferdeng war mat e puer Unitéiten op der Plaz.

Wéi de Locataire vun de Buden huet RTL géigeniwwer gesot, geet hie vu Brandstëftung aus. D'Police huet dat net confirméiert, et bleift nach ze klären, ob d'Feier express geluecht gouf oder et sech ëm een Accident handelt.