D’Police mellt zwee Accidenter mat Motocyclisten um Sonndeg. A béide Fäll ass et bei Materialschued an engem fatzege Schreck bliwwen.

Kuerz no 13.00 Auer krute sech zu Rodange an der Lonkescher Strooss en Auto an e Moto ze paken. De Motocyclist hat op der lénker Säit en Auto iwwerholl, wéi deen am selwechten Ablack lénks op eng Parkplaz wollt fueren.

De Moto ass Schrott, de Chauffer vun der Maschinn gouf zum Gléck net blesséiert. De Chauffer vum Auto stoung ënner Schock a koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Um 14.55 Auer ass e Motocyclist zu Kielen am Rondpoint aus nach net gekläerter Ursaach mat sengem Gefier gefall. Hie koum mat der Ambulanz fir eng Kontroll an d'Spidol.