De Cibett huet e Video publizéiert, mat deem si weisen wëllen, wéi vill Gewiicht eis Retter am Alldag mat sech erëmdroen.
Zil vun dësem Video ass et symbolesch duerzestellen, wéi vill Gewiicht d'Rettungsdéngschter hei am Land am Asaz droe mussen.
Ze gesinn ass de Felix, stellvertriedent fir d'Pompjeeën, dee seng komplett Uniform mam néidege Material, wéi Otemschutzgerät a Wärmebildkamera undeet, wat engem Gewiicht vun iwwer 25kg entspriecht.
De Sunny, am Numm vun den Ambulancieren, huet nieft der Uniform och nach d'Material dobäi, dat am Ambulanzservice mat an den Asaz geholl gëtt. Och wa seelen e Member dat Material alleng droe muss, sou weist et dach, wat fir eng Belaaschtung si mussen duerhalen.
Sou mussen déi Fräiwëlleg net nëmmen ëmmer voll konzentréiert, beschtens geschoult, an zu all Moment op eng Gefor preparéiert sinn, mä si mussen och kierperlech Belaaschtung, ënnert anerem duerch d'Gewiicht, duerchhale kennen.
De Video soll dat ganzt op eng bësse méi witzeg Aart a Weis weisen, fir gläichzäiteg de Leit eng Kéier ze weisen, mat wéi engem Material d'Rettungsdéngschter hinnen am Noutfall hëllefe kommen.