Zanter de Mëttwoch de Moien 9 Auer si jo déi 10 éischt fix Radaren zu Lëtzebuerg a Betrib. Um Freideg sinn déi 6 éischt mobil nach derbäi komm.

Bannent den éischte 36 Stonne waren heiheem 2.300 prësséiert Chauffere vun den éischte fixe Radaren geblëtzt ginn.

Jee no iwwerdriwwe Vitess huet dat dem Staat tëscht 112.700 an 333.500 Euro erabruecht.

Dat schreift den Infrastrukturminister Bausch a senger Äntwert op d'parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéiert Adehm a Roth:

Tout d'abord, en ce qui concerne les recettes totales brutes à percevoir du fait des 2300 dépassements de vitesse cités par les honorables députés, celles-ci se situent pré visiblement dans une fourchette s'étendant de 2 300 x 49 euros à 2 300 x 145 euros, donc entre 112 700 et 333 500 euros.

Si 2 300 dépassements de vitesse ont été enregistrés, le nombre de véhicules concernés se chiffre à maximum 2 300. La nationalité des véhicules flashés ne m'est pas connue, alors que la Police Grand-Ducale exploite le Centre de traitement. Cette question est donc à poser à Monsieur le Ministre de ia Sécurité intérieure.

De Minister seet sech och verwonnert driwwer, dass béid Oppositiounspolitiker Froen iwwer e Ré-Equilibrage vun de Radare stellen, fir eng gewëssen Toleranz ze garantéieren. Ëmmerhi géif et hei ëm legal fixéiert Maximal-Vitesse goen.

Wat D'Fonctionnementskäschte vun den neie Radare betrëfft, biet de Minister déi zwee Deputéiert d'Finanz-Fiche ze liesen, déi zesumme mam Gesetzprojet deposéiert gouf.

Wéi vill gouf geblëtzt?

En Donneschdeg de Mëtteg um 14 Auer huet d'Police en Tëschebilan vun de Radare gezunn.

An Tëschenzäit gouf et 2.300 Mol en Avertissement Taxé vun 49 Euro oder vun 145 Euro an 2 Punkten.

Et gouf awer och 51 Protokoller, also Fäll déi op d'Geriicht ginn.

© Domingos Oliveira

Mobile Radar Areler Strooss / © Domingos Oliveira

Natierlech hunn d'Blëtzer och Froen opgeworf bei den Automobilisten. Hei d'Reaktioun vum zoustännege Ministère, dem MDDI, op Remarquë vu Leit, déi net ze séier gefuer sinn an awer geblëtzt goufen:

Leit, déi net ze séier gefuer sinn an trotzdem mengen, geblëtzt ginn ze sinn, däerfen net vergiessen, datt de Radar ze séier Gefierer vun hannen a vu vir blëtzt. D.h., datt et gutt méiglech ass, datt wahrscheinlech een Auto aus dem Géigeverkéier geblëtzt gouf, bzw. ee virdrun oder hannendrun, an net ee selwer.

Zu Hollerech blëtzt de Radar iwwregens just déi, déi vun der Autobunn kommen an net déi, déi Richtung Esch fueren, dat ass also eng Ausnam.

Falls trotzdem e Bréif sollt heemkommen, huet een ëmmer nach d’Méiglechkeet, ze kontestéieren.

Och wann ee Chauffeur d’Gefill huet, e wier geblëtzt ginn, muss dat net ëmmer esou sinn, seet och de Georges Goebel, Chef de Division vun Ponts et Chaussées.

AUDIO: De Georges Goebel

"Um Tempomat d’Vitesslimite anzeginn an awer geblëtzt ze ginn, ass méiglech", seet de Frank Maas, Responsabele vum Diagnostik-Center vum ACL. D’Chauffeure solle sech net alleng op de Cruise Control verloossen. Den Tempomat ass just eng Fahrhëllef.

AUDIO: De Frank Maas

Och op Nofro bei der Police a beim Ministère gouf erkläert, datt d’Radare richteg calibréiert sinn, d’Leit also net iwwert den Dësch gezu ginn.

Réckbléck

Um Mëttwoch de Moie waren d'Radaren, déi d'Vitess kontrolléieren, jo a Betrib geholl ginn. 10 fixer fir unzefänken a 6 mobiler.

Alleng bis 15 Auer e Mëttwoch de Mëtteg goufe ronn 600 prësséiert Chauffere vun de fixe Radare geblëtzt. 400 Dossiere goufe schonn traitéiert.

Um Donneschdeg de Moien um 7 Auer louch déi Zuel scho bei 1.650, esou den Nohaltegkeetsminister François Bausch op RTL Radio Lëtzebuerg.

Déi héich Zuel beweist fir de Minister, datt eist Verhale sech ännere muss. De François Bausch huet un d’Chaufferen appeléiert, sech wierklech strikt un d’Vitess ze halen. D’Radare wieren ebe strikt agestallt, funktionéieren der Police no awer perfekt.

An der Nuecht sinn iwwregens vill Camions- a Buschaufferen erwëscht ginn, sou den Transportminister weider. Um Schlammesté, wou de Radar bei der Luucht steet, ass eng Persoun mat engem Délit de grande vitesse geblëtzt ginn.

© Domingos Oliveira / RTL

Et ass ze präziséieren, datt dës Zuele just déi fix Radare concernéieren, déi mobil sinn hei nach net derbäi. Um Mëttwoch an Donneschdeg ginn déi mobil nach zu Formatiounszwécker agesat, vun e Freideg u sollen déi dann och "schaarf" schéissen.

Wéi erkläert d'Police sech, datt trotz groussen Annoncen, esou vill Leit geblëtzt goufen? D'Leit wieren dat nach net gewinnt, sou de Serge Arendt vun der Police, hei am Land hätt ee sech dacks ni strikt un déi 50 gehalen, déi Meescht wiere bis ewell mat 55 oder 60 um Tacho gefuer. Dofir wiere se an der Zäit vun der Police net ugehale ginn. D'Radare sinn awer anescht agestallt.

AUDIO: De Serge Arendt

© Domingos Oliveira / RTL