D'Iddi ass, fir mat deem Gebai de Prisong zu Schraasseg ze entlaaschten an d'Untersuchungshaft an Zukunft vum Vollzuch ze trennen.

En Donneschdeg hunn dofir déi Zoustänneg Autoritéiten a Präsenz vum Buergermeeschter Georges Engel an dem Nohaltegkeetsminister François Bausch an enger ëffentlecher Sitzung zu Suessem engen 150 Interesséierten de Projet am Detail presentéiert. De Prisong, deen – wéi vill Suessemer Awunner es net midd ginn ze betounen – net fir veruerteelt Persounen, mä fir déi, déi an Untersuchungshaft sëtzen geduecht ass, soll 2021 fäerdeg an 2022 operationell sinn. Am ganze kënnen da bis zu 400 Prisonnéier do ënnerbruecht ginn. D'Iddi ass fir mat deem Gebai de Prisong zu Schraasseg ze entlaaschten an d'Untersuchungshaft an Zukunft vum Vollzuch ze trennen.

AUDIO: Prisong zu Suessem / De Reportage vum Ben Eich

Geplangt ass also e Gebai an deem déi neiste Sécherheetsmoossnamen integréiert sinn. Nieft der obligatorescher Bëtongsmauer vu 6 Meter Héicht mat hannen- a virdrun engem Drot, Metalldetekteren, Kameraiwwerwaachung an engem zentrale Sécherheetssystem ginn et nach eng Rëtsch weider Sécherheetsmesuren, sou d'Amandine Tockert, Architektin bei der Administration des bâtiments publics. Handyen z.B. si verbueden, sollten der awer erageschmuggelt ginn, kënnen déi mat speziellen Apparater detektéiert ginn. Wann Autoen oder Camionen iwwerpréift ginn déi eran oder eraus fueren, kënnt en Apparat zum Asaz deen en Häerzschlag detektéiere kann. Domat gëtt festgestallt, ob eng Persoun sech am Auto oder Camion verstoppt.

All d'Mesure wollten déi Responsabel op der Informatiounsversammlung en Donneschdeg den Owend awer net verroden.

Ma nieft dem Sécherheetskonzept ass och opgepasst ginn, dass de Site sech sou gutt wéi méiglech an d'Ëmgéigend integréiert, respektiv sou onopfälleg wéi méiglech ass.

Am ganze sollen da véier Haftgebaier mat all kéiers dräi Fligelen op dräi Stäck entstoen an deenen déi Beschëllegt sech awer sou fräi wéi méiglech solle beweege kënnen.

Nieft deenen Haftgebaier sollen et um Site nach ënner anerem eng Sportshal, e Sportsterrain, en Ausbildungszenter fir Giischtercher an e Verwaltungsgebai ginn. Un der Prisongsmauer ass dann nach e Policegebai geplangt. An deem Gebai sëtzt d'Unitéit, déi responsabel ass fir den Transport vun den Insassen. D'Gebai ass fir 60 Agenten an 20 Gefierer ausgeluecht.

Doriwwer eraus sollen am ganzen 328 Leit am Prisong schaffen, dovun 221 Giischtercher.

VIDEO: Untersuchungshaft zu Suessem
D'Untersuchungshaft zu Suessem ass an der leschter Linn Droite. Nemmen nach d'Baugenehmegung vum Buergermeeschter steet aus.