D'Asbl "Catch a smile" ass e Grupp vu Volontairen, déi reegelméisseg a Refugiéscampe fueren, fir de Leit op der Plaz ze hëllefen.

E Samschdeg hat d'Equipe eng Spendenaktioun lancéiert, bei där Saache gesammelt goufen, fir am Abrëll mat op Idomeni an Duinkerk ze huelen. D'Nofro op de Plazen ass grouss, an d'Asbl. muss immens flexibel si well sou Aktiounen net laang am Viraus kënne geplangt ginn.

AUDIO: Catch a Smile: Reportage Claudia Kollwelter

Am November zejoert ass eng éischte Kéier e Grupp vun 9 Volontairen an de Balkan gefuer. No deem Asaz war d'Motivatioun, fir weider ze hëllefen, nach méi grouss, sou d'Julia Gregor vun der Asbl., déi doropshi gegrënnt gouf.

Bei der Spendenaktioun goufen ënnert anerem Kleeder, Zelter, Rucksäck, Rollstill an Decke gesammelt - fir op 2 Plazen ze féieren, wou och Volontäre vun "Catch a Smile" aktiv sinn, dorënner Idomeni. Do géif vill Hëlleg gebraucht ginn!

Et ass déi éischte Kéier, datt d'Asbl. mat Hëllef vu Spendegelder e Camion gelount huet, fir den 3. an 19. Abrëll an d'Refugiéscampen ze fueren.

Reegelméisseg mécht d'Organisatioun en Opruff fir sou Sammelaktiounen. Well si selwer awer kee Stock huet, kënnen dës awer nëmme ganz punktuell gemaach ginn.

All d'Informatiounen zu de Spenden a wéini dës sinn fënnt um Internetsite catchasmile.org oder op der Facebook Säit vun der Asbl.

An engems huet d'Organisatioun awer och en Appel u Volontairë gemaach, déi interesséiert wieren, den 19. Abrëll matzefueren. D'Julia Gregor vun der Asbl. betount awer, datt ee flexibel muss sinn.

RTL
VIDEO: Hëllef fir Idomeni: Och Privatleit hëllefen
Lëtzebuerger Privatleit hu Spende gesammelt a fueren elo erof an de Flüchtlingscamp fir ze hëllefen.