A wat sinn eigentlech Grenzen, fir seng fräi Meenung ze äusseren? De Mohamed Hamdi huet an deem Kontext am Magazin "Forum" en Artikel geschriwwen.

Ëmmer nees schloe verschidden Aussoe vu Leit déi als Rietspopulisten agestuuft ginn, wéi dem Thilo Sarrazin, dem Le Pen an Konsorten héich Wellen. Hir Aussoe wären dacks diskriminéierend an auslännerfeindlech an dofir wëll een se verbidden. Mee wéi eng Aussoe muss een toleréiere kënnen an wéi eng net?

AUDIO: Meenungsfräiheet/Reportage Annick Goerens

De Mohamed Hamdi studéiert Geschicht an Philosophie op der Uni Lëtzebuerg an huet an der leschter Editioun vum Magazin "Forum" een Artikel iwwer Debatt ëm d'Recht op fräi Meenungsäusserung geschriwwen. Wéi kann een Meenungsfräiheet dann iwwerhaapt definéieren? Jiddereen, deen eng Weltsiicht huet, soll d'Fräiheet hunn, déi ze äusseren.

Nodeems den ëmstriddenen Auteur an Islamkritiker Thilo Sarrazin fir den 20. Abrëll an den Trifolion op Iechternach invitéiert gouf, huet et vill op de soziale Medie rumouert. De Serge Tonnar hat en oppene Bréif geschriwwen, an deem hie fuerdert de Sarrazin soll doheem bleiwen. An de RadioAra huet souguer doropshin seng Zesummenaarbecht mam Trifolion gekënnegt. De Sarrazin ass nämlech bekannt dofir Thesen ze verbreede wéi zum Beispill, dass een Intelligenz verierwe kann, an dass moslemesch Immigrante faul sinn. Ass en Optrëtts-Verbuet dann do wierklech d'Léisung an kann een dann nach vun Meenungsfräiheet äusseren? Fir eng Meenung vun engem aneren kënnen ze änneren, muss een een Dialog agoen. Et dierft een net a Schablounen denken, wat awer haut dacks de Fall wier.

Problematesch wär och, dass vague Konzepter wéi Gerechtegkeet an d'Dignitéit vum Mënsch oder de Kampf géint Diskriminéierung instrumentaliséiert ginn, fir engem Aneren seng Meenung ze verbidden, erkläert den Mohamed Hamdi. Dat kéint duerno nëmmen zu Inkonsistenze féieren.

De Prinzip vun der Meenungsfräiheet soll zwou Saachen an enger Gesellschaft garantéieren. Éischtens dass minoritär Meenungen och kënne geäussert ginn an zweetens datt et keen Eenheetsdenke gëtt. Wann d'Recht op fräi Meenungsäusserung net respektéiert gëtt, sou wär et d'Flicht vun all Mënsch d'Meenungsfräiheet ze verdeedegen, och wann d'Meenung vun dem Aneren eis net passt, sou nach den Mohamed Hamdi.