Vill Gedaisch ëm hannen um Enn wéineg Contenu: am Iechternacher Trifolion war de contestéierten däitschen Auteur Thilo Sarrazin fir en Exposé invitéiert.

Begleed gouf den Optrëtt vum Sarrazin vun enge ronn 100 Leit, déi virum Trifolion dogéint manifestéiert hunn, datt esou e Personnage wéi de Sarrazin mat senge controverséierten Meenungen z.B. an Islam-Froen esou eng Bühn géif gebuede kréien.

AUDIO: Den Thilo Sarrazin am Trifolion / Reportage Annick Goerens

Entrée payant war et fir an de Sall ze kommen an do dem Sarrazin seng Thèsen nozelauschteren, deen dës ganz gedam eriwwerbruecht huet. Eng kontrovers Diskussioun gouf et dann och éischter net, well de Public zum gréissten Deel mam Sarrazin d'accord war.

AUDIO: Reaktiounen aus dem Publikum / Reportage Annick Goerens

© A. Goerens

Verschidden Organisatiounen hate sech am Virfeld fir eng Manifestatioun mobiliséiert

Den Thilo Sarrazin war um Mëttwoch den Owend am Trifolion zu Iechternach fir an engem Gespréich mam Manfred Osten an enger uschléissender Diskussiounsronn seng Thesen ze presentéieren an debattéieren. Vill Leit wore mat dëser Entscheedung vum Trifolion awer iwwerhaapt net d'accord an hu sech ënner anerem via sozial Medien organiséiert, fir géint dësen Event ze protestéieren.

"Keng Bühn fir de Sarrazin", sou heescht eng vun e puer Gruppen, déi sech iwwer Facebook organiséiert hunn, fir géint dësen Owend ze protestéieren. "Rassismus ass keng Meenung, Rassismus ass déidlech", sou steet et um Site. De Sveinn Graass vun déi jonk Lénk, deen dës Manifestatioun mat organiséiert huet, erkläert, firwat d'Invitatioun vum Thilo Sarrazin fir si sou problematesch ass.
Den Thilo Sarrazin géif net debattéieren an net recherchéieren, en hätt souguer zouginn, dass seng Zuele gefillt sinn. Et géif ee sech domat net op der Grondlag fir en Debat beweegen, mä carrément op der Grondlag vu Fiktioun, sou de Sveinn Graass.

An deem Sënn wär et och onverantwortlech, dass eng Kulturinstitutioun wéi den Trifolion, déi och ëffentlech Gelder kritt, den islamophoben Auteur Thilo Sarrazin géing invitéieren. Et misst een engem gewëssene Standard entspriechen, am Trifolion géif och keen optrieden, deen d'Theorie vun der flaacher Äerd vertrëtt, sou de Sveinn Graass. Wisou sollt dann e Vetrieder vu Rassentheorien, déi längst widderluecht sinn, mat eise Gelder do optrieden, freet sech de Sven Grass. Nieft den ëffentleche Gelder déi do verpolfert géife ginn, ass et nach d'Fro no der Gage déi de Sarrazin fir säin Optrëtt kritt.

AUDIO: Manif géint den Thilo Sarrazin / Reportage Annick Goerens