46 Betriber, 950 Aarbechtsplazen a regionaler Aktivitéitszon
Zu Grass an der Gemeng Stengefort entsteet den Ament eng grouss regional Aktivitéitszone, déi vu 6 Gemengen gedroen gëtt.
46 kleng a mëttel Handwierksbetriber solle sech hei néierloossen. 950 Aarbechtsplaze sollen entstoen. D’Infrastrukturaarbechte wäre bis Mett dëst Joer ofgeschloss. Bis de ganze Site a Betrib ass, wär nach schwéier ze soen. Dat kéint nach op d'mannst 3 Joer daueren. D’Aktivitéitszon ass zënter iwwert 10 Joer am Gespréich. Am September 2014 war den éischte Spuetestéch. “Mä d’Prozeduren wären zu Lëtzebuerg laang an “d’Simplification administrative” nach net ëmgesat”, bedauert de President vum Gemengesyndikat ZARO Jean-Marie Wirth am RTL-Interview. “Et wär och frustréierend, wann een haut op déi belsch Säit géif kucken, erkläert de Stengeforter Buergermeeschter weider.
Schonns zënter August 2005 sinn e grousst schwedescht Miwwelgeschäft an zënter Dezember zejoert och e grousst Sportgeschäft zu Sterpenech vis-à-vis vu Grass a Betrib. Dësen Areal soll nach weider ausgebaut ginn.