Amber Alert erlaabt et, mat allen digitale Kommunikatiounsmoyenen d'Populatioun ëm Mathëllef ze bieden, wann e Kand entfouert gouf.

Zanter e Donneschdeg de Moien ass de System Amber Alert operationell. Bei der Police um Findel hunn de Justizminister Felix Braz an d'Staatssekretärin Francine Closener dee System op de Wee bruecht.

Amber Alert erlaabt et also, d'Populatioun ëm Mathëllef ze bieden, wann e Kand entfouert an a ganz grousser Gefor ass an d'Situatioun ass liewensgeféierlech agestuuft gëtt. Déi éischt puer Stonnen sinn nämlech hei decisiv.

Op Knäppche wäert dann an de Garen, Fluchhäfen iwwer de Cita, Sozialmedien, Handy-Operateuren an d'Press de Message diffuséiert ginn.

AUDIO: Explikatioune vum Félix Braz.

D'Police begréisst, dass se en zousätzlechen Outil kritt, deen an exzeptionellen Enquêtë kann declenchéiert ginn.

AUDIO: Francine Closener lueft Amber Alert am Numm vun der Police

Déi Responsabel soten um Donneschdeg de Mueren allen Acteuren, notamment och der Press, en décke Merci, bei Amber Alert matzemaachen. Dee System wier ganz performant, géif awer nëmmen a ganz urgente Fäll agesat ginn. Deen Alarm soll net banal ginn.

De Parquet wäert en nëmmen dann asetzen, wann déi absolut Urgence de Fall ass.