U sech wollt d'Lëtzebuerger Kellerei just hire Produit un de Mann bréngen, dëst ouni béisen Hannergedanken. CID Femmes ass d'Reklamm awer en Dar am Aen.

Keng Sexistesch Intentiounen hat eng lëtzebuerger Kellerei, wéi se eng Fra am Bikini an enger Reklamme-Campagne gewisen huet. D'Fra steet mat enger Fläsch Cremant an der Hand um Äis. Se dréit dem Betruechter de Réck zou a kuckt iwwer d'Schëller an d'Kamera. Dat huet e gudde Grond.

AUDIO: Sexistesch Reklamm / Reportage Ben Frin

D'Organisatioun CID Femmes, Fraen a Gender, hat wéinst der ugesprachener Reklamm, mat der Fra am Bikini, eng Plainte bei der Ethik-Kommissioun agereecht. D'Duerstellung wier sexistesch a géif dem Consommateur en eendeitegt Bild vun der Fra vermëttelen. Dat war iwwerhaapt net d'Intentioun vun der Kellerei, wéi de Patrick Berg, Direkter vu Vinsmoselle wëllt kloerstellen. Et hat ee guer keen Hannergedanken, ganz am Géigendeel. Et ass fir d'Vinsmoselle e Summerproduit. Summer war gläichzestelle mat Plage, dofir huet een d'Damme am Bikini och gäre gewisen, souguer extra vun hannen, well ee grad den Argumenter vu Sexismus wollt aus dem Wee goen.

D'Fra vun hannen ze weisen ass weder fir d'Ethik-Kommissioun nach fir CID Femmes als Argument duergaangen. Komescherweis. Fir d'Christa Brömmel vermëttelt déi Reklamm, speziell wou d'Fra och nach en eendeitege Bléck drop hätt, ee ganz kloert Bild. Bei Leit kéint suggeréiert ginn, esou wéi si mat der Fläsch am Grapp do steet, datt si jo wëll. An et ass dat, wat CID Femmes a Fro stellt. Dat ass en Deel vum Sexismus an en Deel vun der Wierkung vum Sexismus, deen an der Publicitéit genotzt gëtt.

Vinsmoselle weist gudde Wëllen a wëllt d'Campagne elo nobesseren an och e Mann mam nämmlechte Produit weisen, esou gesinn dann als Ausgläich. Fraen a Gender geet dat awer net duer. D'Christa Brömmel fënnt dee Schratt esouguer e bësse kannereg.

D'Ethik-Kommissioun wëllt elo ofwaarden, bis déi zweet Reklamm mam Mann och eraus ass, eréischt duerno wëlle si eng Positioun huelen.