Wéi annoncéiert, krut den Ex-President vum US-Repräsentantenhaus deen Titel vum Gemengerot oferkannt.

Den Hastert, dee jo Lëtzebuerger Wuerzelen huet, hat jo zouginn, géintiwwer dem FBI gelunn ze hunn an och illegal Bank-Transferten gemeet ze hunn.

De Politiker, deen zu 15 Méint Prisong veruerteelt gi war, hat och zouginn a senger Zäit als Wrestling-Trainer iwwer Joeren ewech Teenager sexuell abuséiert gehat ze hunn.

Den Hastert ass also zanter dëser Woch net méi Rousperter Éierebierger – och eng Plack mat sengem Numm gouf vum Pompjeesbau erofgeholl – ee Bau, bei deem senger Aweiung den Dennis Hastert virun 10 Joer nach dobäi war.