Um Méindeg de Moien um 6.20 Auer koum et zu engem schwéieren Accident op der Streck Mamer-Kielen.

Ee Chauffeur hat d’Kontroll iwwer säin Auto verluer an ass frontal an ee Bam gerannt. De Mann gouf ageklemmt a schwéier blesséiert Hie gouf an d’Spidol transportéiert.

Firwat et zum Accident komm ass, ass nach net gewosst.

Op der Plaz waren den Asazzenter vu Mamer, d'Kielener Pompjeeën, den Déngschtdokter aus der Stad, souwéi d'Police vu Capellen.

© cisma.lu

© cisma.lu