D'JDL fuerdert um Internationalen Dag géint Homo- an Transphobie, datt de Gesondheetsministère d'Thema Bluttspenden nach emol ugeet.

Bis ewell ass et fir homosexuell Männer zu Lëtzebuerg, wéi an enger Rei anere Länner och, verbuede fir Blutt ze spenden.

D'JDL plädéiert fir eng individuell Risikobewärtung, déi net op Basis vun der Sexualitéit soll festgeluecht ginn. Donieft sollen och aner Acteuren, nieft der Croix rouge, als Blutttransfusiounszenter zougelooss ginn.