A wat d'Angscht virun Attentater ugeet: Bal jidderee rechent mat weideren, awer just 40% kënne sech virstellen, dat Lëtzebuerg viséiert gëtt.

Um Donneschdeg steet dee leschten Deel vum Politmonitor um Programm, där Ëmfro, déi TNS Ilres fir RTL a Lëtzebuerger Wort gemaacht huet. Et bleiwen nach 2 kuerz, awer interessant Sujeten iwwereg.

Fänke mer u mat eppes, dat wuel keen dierft iwwerraschen: Wéi gesinn d'Lëtzebuerger d'Droe vun der Burka?

Effektiv keng Iwwerraschung, wat do erauskomm ass: 77% vun de Lëtzebuerger fannen, dass d'Burka net kompatibel mat eise Wäerter ass, dass se d'Dignitéit an d'Gläichheet vun de Fraen a Fro stellt an dass ee se kloer miss verbidden. Eis auslännesch Matbierger sinn an der Meenung souguer nach méi kloer, bei hinnen hunn 82% keng gutt Meenung vun der Vollverschleierung.

A wéi hätten d'Leit dat am léifste gäre gereegelt?

Och hei ganz kloer: 74% hätte gären e gesetzlecht Verbuet vun der Burka; esou, wéi et elo geregelt ass, nämlech op kommunaler Basis, fannen nëmme 6% vun de Wieler richteg.

An dann ass och nach iwwer d'Angscht virun Attentater gefrot ginn ...

Richteg, als Éischt sollte mer awer ganz kloer soen, dass déi zwee Sujeten natierlech näischt mateneen ze dinn hunn an nëmmen aus organisatoresche Grënn hannerenee kommen.

Also: 95% vun den Awunner zu Lëtzebuerger fäerten, dass no Paräis an no Bréissel nach aner méi schro Attentater an Europa wäerten nokommen an zwar an deenen nächste Wochen oder Méint. Dobäi mengen awer nëmme 40% vun de Leit, dass dat och hei zu Lëtzebuerg kéint geschéien.

A wëllen d'Leit dowéinst hir Gewunnechte änneren?

70% vun der Lëtzebuerger Populatioun reest haut nach genau esouvill wéi virun den Attentater. E klenge Véirel vun de Leit sot, dass se hir Reesgewunnechten de Moment ëm eppes reduzéiert hunn an nëmmen 8% reest de Moment däitlech manner.

VIDEO: Politmonitor (3): Fix Radaren - Vill Zoustëmmung bei de Leit
Déi nei fix Radaren am Land kréie vill Zoustëmmung bei de Leit, se goufen am RTL-Wort Sondage ëm hir Meenung gefrot.
VIDEO: Politmonitor (2): 42% vun de Leit wënsche sech CSV-déi Gréng
Politmonitor mam Caroline Mart.
VIDEO: Politmonitor (1): Keng Katastrof an awer net gutt
D'Vertrauen an d'Regierung klëmmt an de Jean Asselborn gëtt weider als sympatheschsten a kompetenteste Politiker ugesinn.