Et ginn zwar net vill wirtschaftlech Relatiounen, trotzdem hunn déi 2 Länner Gemeinsamkeeten ...

De rumänesche President Klaus Iohannis a seng Fra sinn e Méindeg an Dënschdeg op Staatsvisite hei zu Lëtzebuerg.

Während dësem Besuch stinn eng Partie Rendez-Vousen um Programm, ënner anerem och mat der Chambre de Commerce. D'wirtschaftlech Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Rumänien sinn den Ament nämlech éischter schwaach.

AUDIO: Rumänien: Handelsbezéiungen - Annick Goerens

Rumänien ass zanter 2007 Member vun der Europäescher Unioun. Dëst Land um Schwaarze Mier huet mat iwwer 20 Milliounen Awunner zwar déi siwent gréisste Populatioun bannent der EU, awer den zweetschwaachste PIB pro Kapp. D'Handelsbezéiungen tëscht Lëtzebuerg an der rumänescher Republik sinn net immens prononcéiert a kéinte vill besser sinn, erkläert de Jeannot Erpelding, Direkter vun den internationale Bezéiungen an der Chambre de Commerce.

Et géif och net vill lëtzebuergesch Entreprisen, déi a Rumänien e Standbeen hunn.

Natierlech géing dat och doru leien, dass déi Secteuren, an deenen déi rumänesch Economie aktiv ass, net direkt mat de Lëtzebuerger Wirtschafts-Aktivitéite kompatibel sinn.

Tëscht dem Zweete Weltkrich an 1990 gouf Rumänien no kommunistesche Virstellunge regéiert a genee dat misst ee bedenken, wann een wëll appreciéieren, wéi vill sech dat Land weiderentwéckelt huet, sou nach den Jeannot Erpelding.

An de But vun esou Staatsvisitte wär jo schliisslech och, fir géigesäitegt economescht Interessi ze promouvéieren. An do wär op alle Fall nach vill Potenzial.

Zu Lëtzebuerg gëtt de rumänesche President ënner anerem och vum Grand-Duc Henri empfaangen. An engem Communiqué vum Palais ass e Méinden de Moie matgedeelt ginn, datt d'Grande-Duchesse selwer awer aus familiäre Grënn net ka bei dësem Rendez-vous dobäi sinn.

Éier de Klaus Iohannis President vu Rumänien gouf, war hie Buergermeeschter vu Sibiu, op Däitsch Hermannstadt.

Den Zentrum vun Hermannstadt/Sibiu. / © Luc Marteling

Sibiu war net nëmmen 2007 zesumme mat Lëtzebuerg Kulturhaaptstad, an déi Géigend, Siebenbürgen oder och nach Transsilvanien genannt, sinn am 12. Joerhonnert och Leit aus der Muselgéigend, also dem haitege Lëtzebuerg, ausgewandert.

Bis haut ginn déi do als Siebenbürger Sachsen bezeechent (och wa se net aus Sachsen waren). Vill schwätzen nach ëmmer Däitsch a bis virun e puer Joer konnt ee sech mat Eenzelnen esouguer nach op Lëtzebuergesch austauschen - also et huet ee sech verstan!

Un déi Auswanderungswell vun deemools erënnert zanter e puer Joer zu Sibiu d'Casa Luxemburg. An deem Gebai, dat op Initiativ vum fréieren Direkter vum Service des sites et monuments nationaux Georges Calteux restauréiert gouf, sinn haut e klengen Hotel, e Restaurant an eng Touristen-Info ënnerbruecht.

D'Casa Luxemburg am Zentrum vu Sibiu. / © Luc Marteling

Den zweeten Dag vun der rumänescher Staatsvisite

„Mir hu ganz gutt Bezéiunge mat Rumänien an enger Rëtsch vu Punkten, mee et kéint vill besser goen“, dat sinn d'Wieder vum Premier Minister Xavier Bettel de Mëtteg um zweeten an leschten Dag vun der Staatsvisite vum rumänesche President Klaus Iohannis an senger Fra.

Virun allem déi wirtschaftlech Relatiounen huet de Premier domat ugeschwat. D'Zesummenaarbecht tëscht Rumänien a Lëtzebuerg gëtt et nämlech schonn zanter Joren. Virun allem um kulturellen Niveau huet dat bis ewell ëmmer gutt fonctionnéiert. Mee dat misst een elo och op aner Domainer ausbauen. Dat ass och de Grond firwat de Premier am September fir eng Visite op Bukarest fiert.

© René Pfeiffer / RTL

2007 wor déi rumänesch Stad Sibiu, wou den President deemools Buergermeeschter wor, Partnerstad vun der Kulturhaaptstad Lëtzebuerg. Dëst wär e Paradebeispill fir déi gutt kulturell Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Rumänien, an déi misst een elo och op aner Domainer ausbauen, seet den rumänesche President Klaus Iohannis.
Den Ament géif et jo schonn eng wirtschaftlech Zesummenaarbecht ginn. Eng Partie Lëtzebuergesch Entrepreneuren hätte sech a Rumänien néiergelooss an och zu Lëtzebuerg hätt een e puer rumänesch Betriber. Dës wirtschaftlech Relatioun wéilt een awer verdéiwen: D'Potential an de Wëlle wieren do - elo misst ee just nach de richtege Wee fannen.

AUDIO: Zweeten Dag vun der rumänescher Staatsvisite (A.Goerens)

Donieft gëtt et awer och nach aner Domainer an deenen de rumänesche President d'Zesummenaarbecht mat Lëtzebuerg wëll verdéiwen.

Um Dënschden hätt een iwwer eng méiglech Zesummenaarbecht tëscht verschiddene rumäneschen Universitéiten an der Uni Lëtzebuerg beschwat, sou de rumänesche Premier. Weider seet de Klaus Iohannis, hie wier ganz zouversiichtlech, datt dat sech an der Zukunft och géif ëmsetze loossen. An och an de Beräicher Tourismus, Fuerschung a Politik kéint ee gemeinsam Weeër goen.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider wäert dann och no der Visite vum Premier mat enger Wirtschaftsdelegatioun a Rumänien fuere fir ze kucke wéi een déi bilateral Relatiounen an der Economie intensivéiere kann. Donieft hunn déi zwee Länner decidéiert, dass Lëtzebuerg Rumänien während senger EU-Presidence 2019  berodend ënnerstëtzt.