Grouss Manif um Samschdeg fir d'Opwäertung vum Spidol-, Fleege- a Sozial-Secteur: Déi Beschäftegt fuerderen endlech eng Opwäertung vun hire Carrièren.

E Samschdeg de Moien um 11 Auer goung se lass, déi grouss Manif vun de Beschäftegten aus dem Spidol-, Fleege- a Sozialsecteur.

De Gewerkschaften no dierften eng 9.000 bis 10.000 Leit op der Strooss gewiescht sinn - dat wier ronn en Drëttel vum Secteur, esou den OGBL.

An et war dann och e beandrockend Bild, wéi d'Leit sech vum Geesseknäppchen a Richtung Rousegäertchen op de Wee gemaach hunn, wou d'Riede gehal goufen.

AUDIO: Manif an der Stad: Reportage vum Ben Eich

An dee Rousegäertche huet sech dann och kuerzzäiteg an eng Party verwandelt ...

D'Nora Back vum OGBL war iwwerwältegt an hat um Riednerpult mat Tréinen ze kämpfen.

Bal 10.000 Gesondheets- a Sozialberuffler op der Strooss
Mat Päifen, Trommelen a Plakater sinn déi rosen Aarbechter vum Geeseknäppchen op de Rousegärtchen manifestéiert fir op d’Ongerechtegkeet am Secteur hinzeweisen.

Um Rousegäertchen, dee gutt gefëllt war, hunn d'Nora Back vum OGBL an d'Céline Conter vum LCGB hir Riede gehal, an deenen d'Fuerderung, déi concernéiert Beruffer richteg anzeklasséieren an domat richteg ze bezuelen, am Zentrum stoungen.

Do war et virun allem den Artikel 28 aus den zwee Kollektivverträg, eemol am Gesondheetssecteur an eemol am Fleege- a Sozialsecteur, deen de Gewerkschaften no ëmmer erëm vum Patronat attaquéiert gëtt. Deen Artikel garantéiert de Beruffer an deene Secteuren nämlech, dass si en Deel vum ëffentlechen Déngschtleeschtungssecteur sinn an dass d'Aarbechts- an d'Lounbedingunge sech parallel mat deenen am ëffentlechen Déngscht entwéckelen.

Weider war et och d'Fro vum Nora Back, firwat d'Gesondheets-, Fleege- a Sozialberuffer net déi verdéngten Unerkennung kréien.

D'Céline Conter vum LCGB huet donieft nach betount, dass nieft dem Patronat och d'Regierung misst Courage weisen an dass och nach aner wichteg Fuerderungen, z.B. wat d'Aarbechtsorganisatioun an de Schutz vun der Aarbechtsplaz ugeet, ëmmer méi akut géife ginn.

RTL

© Lynn Cruchten

VIDEO: Manif fir Opwäertung vum Spidol-, Fleege- a Sozial-Secteur 1
De Gewerkschaften no sinn um Samschdeg eng 9.000 Leit op d'Strooss gaangen.
VIDEO: Manif fir Opwäertung vum Spidol-, Fleege- a Sozial-Secteur 2
De Gewerkschaften no sinn um Samschdeg eng 9.000 Leit op d'Strooss gaangen.
VIDEO: Manif fir Opwäertung vum Spidol-, Fleege- a Sozial-Secteur 3
De Gewerkschaften no sinn um Samschdeg eng 9.000 Leit op d'Strooss gaangen.
VIDEO: Manif fir Opwäertung vum Spidol-, Fleege- a Sozial-Secteur 4
De Gewerkschaften no sinn um Samschdeg eng 9.000 Leit op d'Strooss gaangen. Partystëmmung um Rousegäertchen.

Wourëms geet et?

Déi Beschäftegt aus dem, Spidol-, Fleege- a Sozialsecteur hunn es genuch. Zanter Joren, deels Joerzéngten, fuerdere si eng Opwäertung vun hire Carrièren a Beruffer, dat ouni Succès. Wéi och d'Verhandlungen iwwert en neie Kollektivvertrag am Spidolssecteur an der Sakgaass gelant sinn, wollten OGBL an LCGB net méi waarden an hunn zesummen eng grouss Manifestatioun an der Stad organiséiert.

RTL

© Domingos Oliveira

De Problem an d'Diskussioune sinn net nei. Jorelaang, deels joerzéngtelaang, scho fuerderen déi Beschäftegt aus dem Spidol- a Sozialsecteur, datt si richteg aklasséiert sinn, dat heescht richteg bezuelt ginn.

Beim Staat ass déi Opwäertung zejoert mat der Reform komm, mä den ëffentleche Gesondheets- a Sozialsecteur hat nach ëmmer Pech a genee dat geet net, sot d'Nora Back vum OGBL bei der Annonce vun der Manif. Et wier onméiglech, datt een elo misst nokucken, wéi et bei de Staatsbeamten ausbezuelt gëtt, an do wou déi betraffe Leit schaffen, näischt passéiert.

RTL

© Lynn Cruchten

D'Gewerkschafte verlaangen, datt och si am FHL- an SAS-Secteur hirem Diplom no bezuelt ginn. Op der Pressekonferenz goufe Beispiller genannt vun den Ongerechtegkeeten:

- Den Educateur huet eng 14e, gëtt awer bezuelt wéi ee mat enger 11e.

- Den Infirmier huet an tëscht e BTS, gëtt bezuelt wéi ee mat enger 11e.

- Den Educateur gradué oder Sozialpädagog huet e Bachelor a gëtt bezuelt wéi ee mat enger 13e.

- An en Infirmier specialisé, deen eng komesch Konstruktioun un Ausbildung huet, mat zwee BTSen um Stéck, kritt emol net d'Paie vun engem mat enger 13e, esou d'Nora Back.

"An dobäi profitéiert bal jidderee vun de Servicer an den zwee Secteuren", sou  OGBL an LCGB, sief et bei der Kannerbetreiung, der Fleeg vun den eelere Leit oder wann ee muss an d'Spidol. Qualitéit hätt hire Präis.

FHL a Copas bräichten sech net hannert der Regierung ze verstoppen, sou OGBL an LCGB.

RTL

D'CGFP sot sech dann och solidaresch mam Fleege- a Gesondheetssecteur. Am Bipartite-Ofkommes vun Enn November 2014 géif effektiv stoen, datt d'Reformen am ëffentlechen Déngscht och am Gesondheets- a Fleegesecteur missten ëmgesat ginn. D'Regierung misst also där Verflichtung nokommen, sou d'Staatsbeamtegewerkschaft.

Och d'Apeg, de Beruffsverband vun de vun de Sozialpädagogen, ënnerstëtzt d'Aktioun vun de Gewerkschaften. D'Apeg verlaangt, datt an Zukunft alleguerten d'Mataarbechter an de Kollektivverträg gerecht behandelt ginn. Ënnert anerem ass et der Apeg wichteg, datt d'Leit richteg aklasséiert géinge ginn.  D'Reform vum ëffentlechen Déngscht hätt jiddefalls déi diskriminéiert, déi scho laang am Beruff sinn.

VIDEO: OGBL an LCGB hu gemeinsam Manif geplangt
Leit, déi am Gesondheets-, Fleege- a Sozialsecteur schaffen hunn es definitiv genuch. Zanter Jorzéngte scho froe si eng Opwäertung vun hire Carrièren.