An engem Communiqué stellt d'Adr d'Fro, wéi eescht et gemengt war, hinnen de Posten am Staatsrot ze ginn. De Premier ass vun deenen Aussoen iwwerrascht.

D'Fro géing sech stellen, ob am Endeffekt ieren de Gréngen hire feministeschen Extremismus sech géint DP an LSAP duerchgesat huet.

Leschte Freideg hat d'Regierung jo decidéiert, d'Kandidatur vum ADR-Generalsekretär Alex Penning net gëllen ze loossen an éischter op eng Fra ze setzen.

D'Adr wëll, eegenen Aussoen no, an den nächsten Deeg genee suivéieren, wat geschitt a wéilt sech eng Diskriminatioun vun hirem Kandidat Alex Penning op Grond vu sengem Geschlecht net gefale loossen.

RTL

Alex Penning

Premier reagéiert

De Premierminister Xavier Bettel weist sech iwwerrascht iwwert d'Reaktioun vun der Adr. D'Regierung hat d'lescht Woch decidéiert, d'Kandidatur vum Adr-Generalsekretär Alex Penning fir an de Staatsrot net gëllen ze loossen an éischter op eng Fra ze setzen. D'Adr huet sech e Méindeg an engem Communiqué gefrot, wéi eescht et der Regierung wor, fir ee Kandidat vun der klengster Oppositiounspartei an de Staatsrot ze loossen. Konnten am Endeffekt déi Gréng hire feministeschen Extremismus géint DP an LSAP duerchsetzen?

Am RTL Interview huet de Staatsminister de en Donneschdeg de Mëtteg dorobber reagéiert a sot, dass hien ee Gesetzprojet deposéiert huet, fir der Partei d'Méiglechkeet ze ginn, ee Member an de Staatsrot ze schécken. Allerdéngs géif den Text, deen nach net gestëmmt ass, virgesinn, dass och op mannst 7 Fraen missten am Conseil d'Etat sëtzen. Wann een dem Gesetz also géif virgräifen, betount de Xavier Bettel, an der Adr ee Posten accordéiert, misst och déi aner Konditioun erfëllt ginn.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel

No der Ausso vum Adr-President Jean Schoos, an dem Fall léiwer réischt 2018 ee Kandidat ze nennen, well ee keng Kandidatin hätt, déi dem gewënschte Profil entsprécht, wier et dowéinst lo un der CSV, fir eng Juristin an de Staatsrot ze schécken, déi dem Profil entsprécht.

Et hätt een der Adr wëllen eng Faveur maachen, mä déi Hand déi ee gereecht hätt, hätt d'Partei net wëllen unhuelen, huet de Premier nach am Interview betount. Dowéinst géif d'CSV lo dee fräie Poste proposéiert kréien. Déi gréisst Oppositiounspartei hätt souwisou als nächst ee Posten zegutt gehat. Wann den Text awer bis gestëmmt ass, kéint d'Adr ganz legal am Joer 2018 ee Kandidat proposéieren, wann den Albert Rodesch muss ersat ginn, sou nach de Xavier Bettel. Dass d'Adr den Alex Penning wollt an de Staatsrot schécken, hätt näischt mat der Regierung hirer Decisioun ze dinn, mä de Choix vum Kandidat wier eenzeg an alleng eng Responsabilitéit vun de Parteien, sou nach de Staatsminister.

Staatsrot: ADR géint Diskriminéierung

opgrond vum Geschlecht

Et ass net an de Gewunnechte vun der ADR, wëll ze spekuléieren. Iwwer d‘Kandidatur vum Här Alex Penning, Generalsekretär vun eiser Partei, fir de Staatsrot, hu mir d’Ëffentlechkeet informéiert, nodeems mir mat engem Bréif den Här Staatsminister Bettel informéiert haten. D’Detailler vun de Gespréicher tëscht Regierung an ADR hu mir guer net an d’Ëffentlechkeet ginn. Anescht d’Regierung: Si zielt engem Deel vun der Presse, dat den Alex Penning net zeréckbehale gouf, nach ier mat eis geschwat gouf oder mir dat schrëftlech offiziell matdeelt kritt hun. Dat ass einfach ganz schlechte politesche Stil.

Sollt awer dem Alex Penning séng Kandidatur net guttgehale gi sinn, wëll d’ADR dës Punkten zréckbehalen:

D’Regierung huet der ADR e Posten am Staatsrot proposéiert mat engem Profil, deen wéi fir den Alex Penning op Mooss geschriwwe war. Hien erfëllt mat senger Formatioun, senge Kompetenzen a senger berufflecher Erfahrung genee dee Profil.

D’Regierung war fräi, fir dëst ze maachen, mat oder ouni neit Gesetz iwwer de Staatsrot. Tatsächlech haten DP an Déi Gréng scho wéi si an der Oppositioun waren, d’ADR-Fuerderung no engem Staatsrotsposten ënnerstëtzt.

D’Regierung huet der ADR nogeluecht, bei gläiche Kompetenzen eng Fra  ze nennen. Si wollt esou  eng Bestëmmung vum neie Gesetz iwwer de Staatsrot virewechhuelen, dat jo nach net gestëmmt ass. D’ADR huet vill héig qualifizéiert Fraen an der Partei, awer keng, déi esou gutt op de Profil passt wéi den Alex Penning. Dowéinst huet och keng Fra vun der ADR hier Kandidatur parteiintern gestallt.

D’ADR aktéiert, datt d’Regierung dëse Poste elo wëll der CSV ginn, nodeems d’CSV kierzlech eng  Fra aus dem Staatsrot duerch e Mann ersat hat.

D’ADR aktéiert och, datt no zéng Postebesetzungen am Staatsrot während der Gambia-Regierung 1 Fra manner am Staatsrot ass, wéi virdrun, ouni datt je vun enger Quoteregelung riets war.

D’ADR ënnersträicht, datt si déi eenzeg Partei zu Lëtzebuerg ass, déi sech géint eng Quoteregelung wiert. Et ass paradox, datt ausgerechent deen éischte Staatsrotskandidat vun der ADR iwwer eng  Quoteregelung an e falsch verstanene Gläichheetsprinzip soll falen, obwuel dës Quoteregelung keng gesetzlech Basis huet.

D’ADR freet sech, wéi eescht et der Regierung war, wéi si d’ADR gebieden huet, fir e Kandidat ze nennen? War dat Gambia-typesch Aawëscherei oder konnten am Endeffekt Déi Gréng hire feministeschen Extremismus géint DP an LSAP duerchsetzen?

D’ADR wäert elo ganz genee verfollegen, wat an deene nächsten Deg geschitt. Mir loossen eis keng Diskriminatioun vun eisem Kandidat Alex Penning op Grond vu sengem Geschlecht gefalen.

Mir sinn entsat, wéi liichtfankeg hei eng seriö a valabel Kandidatur wéinst ideologesche Spillecher  ecartéiert gëtt.

D’ADR ass weider konsequent der Meenung, datt nëmmen eppes am Liewen, an der Politik an am Staatsrot daarf zielen: Kompetenzen a Qualfikatiounen, ouni Rücksicht op d‘Geschlecht.