D'Acel bedauert an engem Communiqué, datt d'Studente bei der Reform vum Schülertransport net berücksichtegt goufen.

D'Ministere Bausch a Meisch hate jo e Freideg annoncéiert, datt Schüler an Zukunft näischt méi fir Bus- an Zuchtransport bannent Lëtzebuerg bezuele mussen. D'Associatioun vun de Studentecercle wëll sech derfir asetzen, datt d'Reform also och op Studenten ausgebaut gëtt. Et wëll ee lo d'Gespréich mat den zoustännegen Acteure sichen.