Braz dementéiert Amëschung a Personalpolitik um Haff
Problemer mam Personal um Haff hu jo an der Lescht fir vill Gedeessems gesuergt ...
Et gouf keng Krisesëtzung, wéinst Problemer um groussherzoglechen Haff, dat sot e Samschdeg an der Mëttegstonn de Justizminister Felix Braz. Hie war eisen Invité an der Emissioun Background.
De Premier giff de Grand-Duc bal all Woch gesi fir iwwer verschidden Dossieren ze schwätzen. Dat wär en institutionellen Dialog. De Vizepremier Etienne Schneider an hien, de Justizminister, giffen de Premier regelméisseg begleeden.
Et giff och net stëmmen, datt d'Regierung sech wéilt an d'Personalpolitik vum Haff amëschen, sou de Minister Braz. Dat wär net de Rôle vun der Regierung. Hei giff et zwou Institutioune ginn an d'Kompetenzen tëscht a bannent den Institutioune wäre kloer opgedeelt.
Nouvelle vum Freideg
An Zukunft decidéiert d'Regierung mat, wann um Haff neit Personal soll agestallt ginn. Dat ass d'Konsequenz vun enger zanter Jore verfeelter Astellungspolitik vun der Cour grand-ducale, déi an der leschter Zäit bal cocasse Formen ugeholl huet.
De Feierkrop fëllt um Freideg zwou Säite mat Haff-Geschichten, déi eisen Informatiounen no alleguer stëmmen. Notamment déi, firwat d'Grande-Duchesse Maria Teresa de rumänesche Staatspresident, dee jo virun zwou Wochen op Staatsbesuch am Land war, einfach stoe gelooss hat – e Virgank, deen a Regierungs- a Chamberkreesser fir Nervositéit a vill Froe gesuergt hat.

D'Ursaach fir déi Bévue war, datt d'Grande-Duchesse rosen a getouft war, well den Haff huet missen de Kontrakt mat enger Mataarbechterin kënnegen, déi fir d'Madame an der Lescht vill geschafft hat.
Et handelt sech ëm d'Chantal Selva. Si ass Auteure vum Buch "la programmation neuro-linguistique appliquée à la négociation", si souz zum Beispill nieft der Grande-Duchesse, wéi déi fir troubles d'apprentissage sensibiliséiere wollt. D'Chantal Selva hat just dem Haff net gesot, datt si am Frankräich e Casier judiciaire huet.

Opgefall ass dat, wéi si elo fir Nationalfeierdag sollt eng Medail kréien an dunn ass nogefrot ginn an de Casier koum eraus, d'Chantal Selva kritt keng Medail an d'Grande-Duchesse war rosen an huet eng stënterlech Rees an d'Schwäiz gemaach – an de Programm fir de rumänesche President a seng Madame huet missen en Vitesse geännert ginn. Aus Koaltiounskreesser héiert een iwwer dee Virgank ganz kritesch Téin, nom Motto, d'Grande-Duchesse hätt do hiren Job net gemaach, dat wier awer hir Flicht gewiescht. Hei géif et net méi ëm si oder den Haff goen, mä ëm den Image vum Land. D'Episode Selva war nëmmen déi lescht vun opfällege Personaldecisiounen a Personalgeschichten aus de leschte Joren a Wochen. Jee, der Regierung ass et elo duergaangen an de Grand-Duc krut vu gläich 3 Ministeren héiflech gesot, an Zukunft wéilt d'Regierung e Wuert matschwätzen, wann um Haff Personal agestallt gëtt. Wëll soen: Vertrauen ass gutt, am Avenir ass awer Kontroll besser. Mam Argument, den Haff kritt jo all Joer 10 Milliounen 72.365 Euro vum Staat, dovunner iwwer 5,5 Millioune fir Frais de personnel an also wëll een a Personalfroen e Wuert matschwätzen.
An dann nach eppes: Et gëtt jo un enger neier Constitutioun geschafft. Do gëtt et jo deen een oder anere Paragraf iwwer de Staatschef ze schreiwen. An déi nei Constitutioun soll dra stoe kommen, am Fall vun enger Regentschaft – also wann de Staatschef zum Beispill schwéier krank ass – da soll nëmmen een aus der direkter Trounfolleg dierfe Regent ginn, wëll soen: de bestuete Conjoint soll net Interim-Staatschef oder -Cheffin ginn.
Honni soit qui mal y pense.
De Staatsminister Xavier Bettel sot RTL, dass et drëm geet, dass all d'Institutiounen am Land gutt fonktionnéieren. Hie géif och all seng Energie dra leeën, fir dass dat och de Fall ass.