VIDEO: Nationalfeierdag 2016: Den Te Deum
D'Zeremonie an der Kathedral.
"Lëtzebuerg ass eis Heemecht an d'Heemecht vu Lëtzebuerg ass Europa," sot den Äerzbëschof a senger Priedegt.
En Donneschdeg um 16.30 Auer war an der Kathedral den Te Deum, deen den Ofschloss vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag gemaach huet. "Lëtzebuerg ass eis Heemecht an d'Heemecht vu Lëtzebuerg ass Europa." Mat deene Wierder huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich seng Priedegt ugefaang.
AUDIO: Extrait Jean-Claude Hollerech
Den Äerzbëschof huet vun enger post-moderner Gesellschaft geschwat, wou deen Eenzelnen ëmmer méi wichteg gëtt a wou déi sozial Dimensioun vum Mënsch an d'Hannertreffe kënnt.
PDF: De Programm vun der Zelebratioun.
VIDEO: Highlights vum Te Deum
Impressiounen aus der Kathedral, mat der Priedegt vum Äerzbëschof
Am meeschte gelies